Desk

Platte Knuet

De Platte Knuet ass d’Zeitung vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten a kënnt 3 mol d’Joer eraus.

Duerch de Platte Knuet wëlle mir all d’Guiden a Scouten, hier Famill an hier Frënn iwwer d’Aktivitéite bei den LGS informéieren. Jidderee soll sou d’Méiglechkeet kréien ze gesi wat bei anere Gruppe gemaach ginn ass, a wat op lokalem, nationalem an internationalem Niveau an deene lëschte Wochen a Méint geschitt ass.

Och du kanns gären en Artikel fir de Platte Knuet proposéieren, entweder iwwer deng Branche oder direkt andeems de eng Mail un d’Platte Knuet Ekipp schreifs (platteknuet@lgs.lu).

Wann s du nëmmen ee Platte Knuet fir déi ganz Famill wëlls, kanns de dech beim Responsable vum Membersfichier an dengem Grupp mellen, deen de Platte Knuet da kann ofbestellen.


Archiv Platte Knuet

2024-2025

N°1
Platte Knuet 2024-2025 N°1 Thema: Participatioun an de Branchen

2023-2024

N°3
Platte Knuet 2023-2024 N°3 Thema: Participatioun um Camp

N°2
Platte Knuet 2023-2024 N°2 Thema: Participatioun – Meng Visiounen, meng Wënsch

N°1
Platte Knuet 2023-2024 N°1 Thema: Participatioun – Ech am Verband

 

2022-2023

N°3
Platte Knuet 2022-2023 N°3 Thema: BA, Gemeinschaft um Camp

N°2
Platte Knuet 2022-2023 N°2 Thema: Gemeinschaft (zesumme liewen, zesumme schaffen)

N°1
Platte Knuet 2022-2023 N°1 Thema: BA (fir mech, fir dech, fir jiddereen)

 

2021-2022

N°3

Platte Knuet 2021-2022 N°3 Thema: Internationalitéit, Diversitéit um Camp

N°2

Platte Knuet 2021-2022 N°2 Thema: Interkulturalitéit, Internationalitéit

N°1

Platte Knuet 2021-2022 N°1 Thema: Diversitéit, Inklusioun

 

2020/2021

N°3

Platte Knuet 2020-2021 N°3

N°2

Platte Knuet 2020-2021 N°2
Bonusmaterial zum Platte Knuet N2 2020-2021

N°1

Platte Knuet 2020-2021 N°1
Bonusmaterial zum Platte Knuet N1 2020-2021

2019/2020

Platte Knuet 2019/2020 N°3
EXTRA-BA Platte Knuet
Platte Knuet 2019/2020 N°2
Platte Knuet 2019/2020 N°1

2018/2019

Pkatte Knuet 2018/2019 N°3 – Special Edition 100 Joer LGS
Platte Knuet 2018/2019 N°2
Platte Knuet 2018/2019 N°1

 

2017/2018

Paltte Knuet 2017/2018 N°3
Platte Knuet 2017/2018 N°2
Platte Knuet 2017/2018 N°1

2016/2017

Platte Knuet 2016/2017 N°3
Platte Knuet 2016/2017 N°2
Platte Knuet 2016/2017 N°1

2015/2016

Platte Knuet 2015/2016 N°3
Platte Knuet 2015/2016 N°2
Platte Knuet 2015/2016 N°1

2014/2015

Platte Knuet 2014/2015 N°3
Platte Knuet 2014/2015 N°2
Platte Knuet 2014/2015 N°1

D’Versprieche setzt eng konkret Gemeinschaft viraus, déi versprécht, datt deen Eenzelen:

  • eng Hëllef kritt säi Wee ze fannen a Sënnfroen ze stellen
  • Vertrauen entgéintbruecht kritt
  • Aktivitéiten an Erfarunge mécht, déi e weiderbréngen a wou e séng Fähegkeete kann entdecken
  • gutt Frënn fënnt, wiz et zu flotten a wichtege Gespéicher kënnt, déi hien als Jugendlechen op séngem Wee weiderbréngen
  • e partizipative Geescht erliewt
  • Cheftainen a Chef, wéi och Kolleege begéint, déi Zäit hunn, fir op hien ze lauschteren (Baden-Powell: ‘ask the boy, the girl’)
  • däerf Feeler maachen a versoen

D’Cheféquipe ass Begleeder a Beroder vun deene Jonken. Kee Contrôleur. Wann also opfällt, dass een säi Verspriechen net anhält, da soll de Chef dat uschwätzen. Awerr am Sënn vu “Wéi kann ech dech ënnerstëtze fir dass et besser geet?” “Wat fäéét der schwéier?”

Eng flott Iddi: wann déi nei hiert Versprieche virbereeden, erënneren déi “grouss” sech un hiert Verspriechen a maachen e klenge Bilan vun hirem Verspriechen.

Froen:

  • Wat huet gutt geklappt vun deem wat ech mir virgeholl hunn?
  • Wou muss ech nach u mir schaffen?

Als Zeeche vun dësem Bilan kënnen d’CaraPio sech entscheede fir de Badge vun der Wandrous.

Wanns du dech wëlls weiderbréngen, da setz der d’Lat net ze niddreg. Et soll ee sech orientéieren un deem, wat ee gutt kann. D’Zil ass d’Fro “Wou wëll ech mech weiderentwéckelen?”

D’Verspriechen ass e wichtegen Deel vum perséinleche Fortschrëtt. D’Guide / Scoutsmethod hëlleft deene Jonken ob hirem Wee weider ze kommen / sech weider ze entwéckelen.

D’Verspriechen hëlleft deem Jonken derbäi säin Zil ze definéieren.

 

An all Branche huet dee Jonken d’Méiglechkeet fir e Verspriechen ze maachen, op deem Entwéckelungsstand wou hie grad ass.

All Jonken probéiert säi Bescht ze maachen, je no séngen eegene Méiglechkeeten. Hie versprécht dëst als Mënsch, deen nach an der Entwécklung ass. Och beim Versprieche gëlt “learning by doing”. De Jonken dierf Feeler maachen an sech doduerch weiderentwéckelen.

Wann de Moment do ass, proposéiert d’Cheféquipe de Memberen aus hirer Unitéit fir hiert Verspriechen ze maachen. D’Guide / De Scout entscheed selwer ob hatt / hien dozou bereet ass.