Desk

Mérite Jeunesse

D’Fondatioun Mérite Jeunesse Luxembourg gehéiert zur weltwäit féierender Organisatioun The Duke of Edinburgh’s International Award déi an iwwer 140 Länner aktiv ass. Jidderee ka beim Mérite Jeunesse matmaache wann entëschent 14-24 Joer al ass a Loscht huet sech innerhalb vun engem flexibelen an ofwiesslungsräiche Programmseng perséinlechen Zieler ze setzen an déi ouni Zäitlimitt ze erreechen.

Du muss a 4 verschiddene Beräicher aktiv ginn: Benevolat, Sport, Talent an eng Expeditioun maachen. Du sichs dir deng Aktivitéite selwer eraus a stells dir esou ee Programm zesummen deen ausgeglach ass an deen dir Spaassmécht. Et muss een net alles zur gläicher Zäit maachen. Dee Programm soll et dir erméigleche méi Selbstvertrauen ze kréien, Responsabilitéit ze iwwerhuelen, Neies ze entdecken an un deng Fähegkeeten an Talenter ze gleewen.

Wat de Programm dir bréngt

Primary tabs

Am Kader vun enger net-formeller Bildung kann de Mérite Jeunesse eng wichteg Roll am Liewe vun engem Jonke spillen andeems en Méiglechkeete bitt fir engem wichteg Kompetenze fir d’Liewe mat op de Wee ze ginn a Kreativitéit souwéi d’Freed drun Neies ze entdecken ze fërderen.

Zougänglech fir jiddereen

All Jugendlechen tëscht 14-24 Joer ka beim Mérite matmaachen, egal wéie Geschlecht, kulturellen Hannergrond, reliéis oder politesch Iwwerzeegungen oder physesch Viraussetzungen. Een Award kritt een duerch perséinlech Fortschrëtter déi ee méscht, wat bedeit dass et och fir Jonker mat engem Handicap guer kee Problem ass um Programm deelzehuelen.

Super fir an däi CV

Wanns du studéiere gees, eng Léier oder een Austausch méchs gesäit et gutt aus wanns du beim Programm vum Mérite matgemaach hues, well dat weist dass du och an denger Fräizäit dech engagéiert hues an Aktivitéiten duerchgezunn hues. Et gëtt dir och d’Méiglechkeet iwwert dech an deng Passiounen ausserhalb vun der Schoul ze schwätzen.

Fir dech unzemellen, fëll w.e.g. de Formulaire hei ënnen aus. Du kriss dono all Dokumenter, déi s du muss ausfëllen, vun eis geschéckt.

Wann s du Froen hues mell dech roueg bei eis: merite@lgs.lu

Christopher Sirres a Romain Hild

Sekretariat - Umeldung Mérite Jeunesse

Däin Numm*
DD slash MM slash YYYY