Desk
De roude Fuedem: e Lidd wat eis verbënnt
Mir sangen all dat selwecht Lidd!
Eis grouss Challenge ass et, dass all Grupp d’Lidd „Eng Guide, E Scout“ séngt, a filmt.
Mir schneiden um Enn all d’Videoen zesummen zu engem grousse, gemeinsame Video.
Dës Challenge fänkt um Chefdag un, an dir hutt bis Chrëschtdag Zäit, äre Video eropzelueden.
Lued äre Video hei rop: Upload Link
“Eng Guide, e Scout”
Refrain:
Jo eng Guide, ee Scout
Sinn allzäit bereet
Loosse keen am Stach
Jo stitt op an danzt all mat
Mat Foulard a mat Uniform
Oh Oh – Mir si stolz Scouten ze sinn!
Stroph 1:
Am ganze Land si mir verdeelt
Vum Norden an de Süde si mir ënnerwee
Egal ob Sonn, Stuerm oder Reen
Well mir halen zesummen, mir halen zesummen!
Eng Guide, ee Scout
Sinn ëmmer zouverlässeg
Sinn éierlech a fair!
Refrain:
Jo eng Guide, ee Scout
Sinn allzäit bereet
Loosse keen am Stach
Jo stitt op an danzt all mat
Mat Foulard a mat Uniform
Oh Oh – Mir si stolz Scouten ze sinn!
