Desk
Neies bei de « Frënn vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten asbl.»
Et gëtt Neies bei de « Frënn vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten asbl.»
Säit der Generalversammlung vum 27. Abrëll 2026 huet de Conseil d’Administration vun der Asbl. geännert.
No der Demissioun vu 5 Leit iwwerhuele 5 nei Leit, alleguer och Member vum Comité vun der « Lëtzebuerger Guiden a Scouten asbl », eisem Verband, Posten am neie Conseil d‘Administration vun de «Frënn vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten asbl. »
Mir soen de fréieren CA-Leit e grousse Merci fir hier vill Aarbecht déi se geleescht hunn.
Niewent dem gudde Fonktionnement vum Guiden- a Scoutsshop sinn d‘Exploitatioun an d’Gestioun vun eisen 2 Haiser Neihaischen a Bilschdref a vun eiser Campwiss Fënsterdall eis Haaptaufgaben.
Fir eis Sittën Bilschdref a Fënsterdall wäert kuerzfristeg näischt änneren; mir hoffen datt se weider dee Succès hu wéi bis elo.
Um Neihaischen sinn awer nach ëmmer grouss Aarbechten amgaang an et ass decidéiert ginn, datt elo mol, bis de Gros vun den Aarbëchten oofgeschloss ass, keng nei Reservatioune vum Chalet méi ugeholl ginn. Aktuell Reservatioune bleiwen awer bestoen.
D’Campplaz, mat den externe Sanitairen kann awer weider, wéi bis elo, reservéiert a benotzt ginn.
