Desk

# Gréng um Camp

Dës Säit behandelt d’Nohaltegkeet um Camp oder engem Week-End. Verschidde Saache kann een awer och op gréisser Aktivitéite wéi eng Kiermes reportéieren.

Mir sinn umgangen eng Partie Fichen auszeschaffen fir déi gängeg Punkten déi een op engem Camp soll berücksichtegen ze behandelen.

Dës Fichen si nach an Arbecht an och nach net ganz komplett. Mir setzen trotzdem well den aktuelle Stand online. Et solle lieweg Dokumenter sinn, déi ëmmer rem erneiert an ergänzt ginn. Wanns du Ideeën, Umierkungen oder Inhalter hues, dann zéckt net a mell dech. 🙂

Dat ganzt ass natierlech keng Sammlung u Reegelen, mee sollen Tips an Tricks inn fir déi déi sech dofir interesséieren.

  • How to start scouting – Op wat soll ech oppasse wann ech mäin (éischt) Campmaterial kaafen?
  • Recycling um Camp – Wéi kann een de Recycling um Camp/Week-End organiséieren?
  • Transport um Camp – Wéi kann een den Transport um Camp organiséieren?
  • Bar um Camp – Wat soll ee beim Campbistro oppassen? (éischter fir National Aktivitéiten oder op enger Kiermes)

Wanns du Froen hues oder matmaache wëlls, dann mell dech bei eis per Mail : nohaltegkeet@lgs.lu

D’Versprieche setzt eng konkret Gemeinschaft viraus, déi versprécht, datt deen Eenzelen:

  • eng Hëllef kritt säi Wee ze fannen a Sënnfroen ze stellen
  • Vertrauen entgéintbruecht kritt
  • Aktivitéiten an Erfarunge mécht, déi e weiderbréngen a wou e séng Fähegkeete kann entdecken
  • gutt Frënn fënnt, wiz et zu flotten a wichtege Gespéicher kënnt, déi hien als Jugendlechen op séngem Wee weiderbréngen
  • e partizipative Geescht erliewt
  • Cheftainen a Chef, wéi och Kolleege begéint, déi Zäit hunn, fir op hien ze lauschteren (Baden-Powell: ‘ask the boy, the girl’)
  • däerf Feeler maachen a versoen

D’Cheféquipe ass Begleeder a Beroder vun deene Jonken. Kee Contrôleur. Wann also opfällt, dass een säi Verspriechen net anhält, da soll de Chef dat uschwätzen. Awerr am Sënn vu “Wéi kann ech dech ënnerstëtze fir dass et besser geet?” “Wat fäéét der schwéier?”

Eng flott Iddi: wann déi nei hiert Versprieche virbereeden, erënneren déi “grouss” sech un hiert Verspriechen a maachen e klenge Bilan vun hirem Verspriechen.

Froen:

  • Wat huet gutt geklappt vun deem wat ech mir virgeholl hunn?
  • Wou muss ech nach u mir schaffen?

Als Zeeche vun dësem Bilan kënnen d’CaraPio sech entscheede fir de Badge vun der Wandrous.

Wanns du dech wëlls weiderbréngen, da setz der d’Lat net ze niddreg. Et soll ee sech orientéieren un deem, wat ee gutt kann. D’Zil ass d’Fro “Wou wëll ech mech weiderentwéckelen?”

D’Verspriechen ass e wichtegen Deel vum perséinleche Fortschrëtt. D’Guide / Scoutsmethod hëlleft deene Jonken ob hirem Wee weider ze kommen / sech weider ze entwéckelen.

D’Verspriechen hëlleft deem Jonken derbäi säin Zil ze definéieren.

 

An all Branche huet dee Jonken d’Méiglechkeet fir e Verspriechen ze maachen, op deem Entwéckelungsstand wou hie grad ass.

All Jonken probéiert säi Bescht ze maachen, je no séngen eegene Méiglechkeeten. Hie versprécht dëst als Mënsch, deen nach an der Entwécklung ass. Och beim Versprieche gëlt “learning by doing”. De Jonken dierf Feeler maachen an sech doduerch weiderentwéckelen.

Wann de Moment do ass, proposéiert d’Cheféquipe de Memberen aus hirer Unitéit fir hiert Verspriechen ze maachen. D’Guide / De Scout entscheed selwer ob hatt / hien dozou bereet ass.