Desk

Nohaltegkeet bei den LGS

Dës Säit ass nach am Opbau. 🙂

Als zukunftsorientéiert, pädagogescht Jugendmouvement bereeden d’Lëtzebuerger Guiden a Scouten hir Memberen drop vir, souwuel an hirem private Liewen wéi och an der Gesellschaft vu muer, aktiv zu enger nohalteger Entwécklung bäizedroen. Domat féieren d’LGS d’Traditioun vun Natur- an Ëmweltschutz weider, déi seit der Grënnung vum Scoutismus ee feste Bestanddeel vun dëser Erzéiungmethod ass.

D’Bildung fir Nohaltegkeet zitt sech wéi e roude Fuedem durch all d’Branchen. De Bléck riicht sech dobäi op d’Konsequenzen vun eisem Handelen, souwuel fir d’Gesellschaft vun heiheem wéi och fir d’Mënschen aus anere Länner, haut an och fir kommend Generatiounen.

D’LGS orientéieren sech dobäi un der Agenda vun der UNO mat hire 17 Ziler fir eng nohalteg Entwécklung, déi bis 2030 sollen erreecht ginn.

Op dëse Säite wäerten demnächst Dossieren zu folgende Schwéierpunkten entstoen:

Aktivitéiten zur  Nohaltegkeet an zu de 17 Zieler vun der UNO kommen an d’Aktivitéitsbox.

Wanns du Ideeën oder Froen hues oder wanns du bei eis matmaache wëlls, dann zéck net a mell dech bei eis per Mail : nohaltegkeet @ lgs.lu