Desk

Maach mat!

Nohaltegkeet Eng Charte fir d’Lëtzebuerger Guiden a Scouten

Try and leave this world a little better than you found it”. Dëse wichtege Message vum Baden Powell, wëlle mir eise Jonken mat op de Wee ginn. Zesummen wëlle mir Veratnwortung iwwerhuelen an eis engagéieren fir eng besser Welt: fir de Klimaschutz, fir de Fridden a fir Gerechtegkeet an der Gesellschaft.

Am Joer 2015 hunn d’vereenten Natiounen (United Nations) 17 Ziler (sustainable development goals) fir nohalteg Entwëcklung gestëmmt, déi bis 2030 areescht solle sinn. D’Engagement fir dës Ziler, ass déi positiv Reaktioun op déi ökologëschen, ökonomëschen Herausfuerderungen vun eiser Zäit.

2017 huet WOSM ( World Organization of the Scout Mouvement) d’Kampagn “Scouts for SDG’S gestart, fir weltwäit 50 Milliounen jonk Mënschen ze beweegen sech fir dës Ziler a fir eng besser Welt anzesëtzen.

Mir als Guiden a Scouten, verbréngen vill Zäit a fräier Natur, engagéieren eis fir d’Gesellschaft an erliewen aner Kulturen op internationale Campen. Dës Erliefnisser doen eis, eng déif Verbonnenheet mat eiser Ëmwelt an eise Matmënschen ze fillen an e Bewosstsinn fir d’Erausfuerderungen ze entwéckelen. Si sinn de Grond firwat mir eis wëllen fir eng besser Welt asetzen.

An dëser Charte wëlle mir dofir festhalen, wéi mir bei de Lëtzebuerger Guiden a Scouten, dës Engagement liewen a virliewen wëllen.

De Nohaltegkeetsgrupp sëtzt sech dofir an, dass Nohaltegkeet an déi 17 Ziler (United Nations) méi déif an der Formatioun vun eise Chef verankert sinn. De Nohaltegkeetsgrupp ënnerstëtzt d’Memberen mat Aktivitéiten an Dokumenter, fir d’Ëmsetzen vun den SDGs an d’Praxis ze vereinfachen.

De Comité mam Verbandsgrupp sëtzt sech dofir an, dass d’SDGs hir Plaz beim nationalen Aktivitéiten hunn. Bei der Organisatioun vun nationalen Aktivitéiten gëtt sech un enger Checklëscht orientéiert, déi en nohaltegtegt Event an alle Beräicher (Ravi, Infra, Transport…) erméiglecht. De Programm vun de nationalen Aktivitéiten soll eise Memberen flott Erliefnisser erméiglechen, wou d’Thema Nohaltegkeet op spillerech, spannend an aktiv Art a Weis ugeschwat gëtt. Déi Jonk sollen d’Méiglechkeet hunn selwer ze entdecken an ze erliewen wat dat heescht an sech esou fir den Asaz
begeeschteren loossen.

D’Gruppen sëtzen sech bei der Gestioun vun hirem Chalet a bei gréisseren Aktivitéiten, mat Hëlelf vun enger Cheklësch, fir Nohaltegkeet an. An hirer Gemeng hunn si während diversen Aktiounen d’Méiglechkeet hirt Engagement no baussen ze droen (z.B. Groussbotz)

D’Chef aus deene verschidden Branchen erliewen Nohlategkeet op der Formatioun a sinn sech hirer Chefroll bewosst, andeems si de Kanner e nohaltegen Liewenstil virliewen an dës während den Aktivitéiten drun Deel huelen loossen.


Mir sinn ëmmer frou iwwert nei Ideeën, Froën oder motivéiert Leit déi wëlle matmaachen.

Wanns du also eppes brauchs dann zéck net a mell dech bei eis per Mail : nohaltegkeet @ lgs.lu

D’Versprieche setzt eng konkret Gemeinschaft viraus, déi versprécht, datt deen Eenzelen:

  • eng Hëllef kritt säi Wee ze fannen a Sënnfroen ze stellen
  • Vertrauen entgéintbruecht kritt
  • Aktivitéiten an Erfarunge mécht, déi e weiderbréngen a wou e séng Fähegkeete kann entdecken
  • gutt Frënn fënnt, wiz et zu flotten a wichtege Gespéicher kënnt, déi hien als Jugendlechen op séngem Wee weiderbréngen
  • e partizipative Geescht erliewt
  • Cheftainen a Chef, wéi och Kolleege begéint, déi Zäit hunn, fir op hien ze lauschteren (Baden-Powell: ‘ask the boy, the girl’)
  • däerf Feeler maachen a versoen

D’Cheféquipe ass Begleeder a Beroder vun deene Jonken. Kee Contrôleur. Wann also opfällt, dass een säi Verspriechen net anhält, da soll de Chef dat uschwätzen. Awerr am Sënn vu “Wéi kann ech dech ënnerstëtze fir dass et besser geet?” “Wat fäéét der schwéier?”

Eng flott Iddi: wann déi nei hiert Versprieche virbereeden, erënneren déi “grouss” sech un hiert Verspriechen a maachen e klenge Bilan vun hirem Verspriechen.

Froen:

  • Wat huet gutt geklappt vun deem wat ech mir virgeholl hunn?
  • Wou muss ech nach u mir schaffen?

Als Zeeche vun dësem Bilan kënnen d’CaraPio sech entscheede fir de Badge vun der Wandrous.

Wanns du dech wëlls weiderbréngen, da setz der d’Lat net ze niddreg. Et soll ee sech orientéieren un deem, wat ee gutt kann. D’Zil ass d’Fro “Wou wëll ech mech weiderentwéckelen?”

D’Verspriechen ass e wichtegen Deel vum perséinleche Fortschrëtt. D’Guide / Scoutsmethod hëlleft deene Jonken ob hirem Wee weider ze kommen / sech weider ze entwéckelen.

D’Verspriechen hëlleft deem Jonken derbäi säin Zil ze definéieren.

 

An all Branche huet dee Jonken d’Méiglechkeet fir e Verspriechen ze maachen, op deem Entwéckelungsstand wou hie grad ass.

All Jonken probéiert säi Bescht ze maachen, je no séngen eegene Méiglechkeeten. Hie versprécht dëst als Mënsch, deen nach an der Entwécklung ass. Och beim Versprieche gëlt “learning by doing”. De Jonken dierf Feeler maachen an sech doduerch weiderentwéckelen.

Wann de Moment do ass, proposéiert d’Cheféquipe de Memberen aus hirer Unitéit fir hiert Verspriechen ze maachen. D’Guide / De Scout entscheed selwer ob hatt / hien dozou bereet ass.