Desk
# Gréng am Home
Iwwert 9 praktesch Beraicher aus dem Scoutsalldag am a ronderem de Guiden- a Scoutshome huet den Aarbechtsgrupp „Gréngen Home“ e Brainstorming gemaach wat esou alles dozougehéiert. Iwwerschneidungspunkte mat de Schaffberäicher vun den zwee aner AG’e „Grénge Camp“ an „Grénge Programm/Aktivitéite“ weisen d’Verknäppungspunkte vun dësen drei Ënnergruppen vun der Verbandséquipe „Nohaltegkeet“.
Eis Themegebidder résuméiere sech demno op dës 9 Fiche technique‘en:
- Bauen, renovéieren a verwalten
- Heizung, waremt Waasser an Energie
- Stroum a Liicht
- Waasser (wäschen & Spaass)
- Holz (vum Intérieur iwwert Scoutskonstruktioune bis op d’Lagerfeier)
- Ravi
- Material (iwwert Botz-, Animatiouns-, Büros- a Camppmaterial)
- Offallwirtschaft (3-R: reduce, reuse, recycle)
- Mobilitéit
Ganz generell kinnt spéiderhinn och e pädagogesche Koffer „Gréngen Home“ erauskomme deen d’Themegebidder vun der Ökologie an Nohaltegkeet am Home spilleresch opschafft.
[Eis Approche huet nët d’Ambitioun komplett ze sinn, di eenzel Themegebidder konzentréire sech op dat Essentielt am Guiden- a Scoutsalldag fir eng méiglechst breet Novollzéibarkeet ze erreechen. Mir verweisen och op keng privatwirtschaftlech oder kommerziel Betriber déi am Beräich Ecologie ënnerwee sinn well een nie komplett ka sinn an all Oplëschtung ass mat rechtlechen Aspekt verbonnen. Pro Fiche technique gett et spéiderhinn ëmmer e Sachinfodeel, e Quizz (à la Jeperdy), en Challenge (z.B. d’Opfuederung de Verbrauch vun Stroum, Waasser…ze reduzéiere) an e Witz oder eng Anekdote fir e bessert Verhale vun de Kärinformatiounen. Dës Fiche technique sollen Check-Lëschte ginn, déi op eng flott graphesch an didaktesch Art a Weis opbereed gin; se ginn op eng spilleresch a liicht verständlech Manéier e Feedback, respektiv en Abléck wou een drunn ass mat séngem Home ouni ower eng reng Bewertungsskala ze sinn.
De Choix wat wéi wou bis zu wéi engem Grad ëmgeännert ka ginn muss mat dem jeweile Propriétaire oder Gestionnaire vum Home gekuckt gin. Hei geet d’Bandbreed vu kommunale, staatleche, kiirchleche bis zu privatrechtlechen Träger deenen den Home gehéiert oder déi e selwer och exploitéiren oder enger Organisatioun zur Verfügung stelle fir en ze notzen.
Queesch doduerch an zu gudder läscht hu mir eis als „zéngte“ Fiche technique eng Synthèse vun den néng Themegebidder a Form vun enger Ökorallye ausgeduecht, déi ganz spezifesch op all Home zougeschnidde an ugepasst ka ginn (hei um Beispill vum Neihaisgen.]
Sou sinn dës Fichen hei ënnendrënner nach ëmmer an Arbecht, ma eise “Brouillon” stelle mer trotzdem well zur Verfügung.
Wanns du Froen hues oder matmaache wëlls, dann mell dech bei eis per Mail : nohaltegkeet @ lgs.lu