Desk

Demande fir eng Procuratioun

Aus de Statuten Verband vun de Letzebuerger Guiden a Scouten (gestëmmt den 07. Dezember 2025) :

[…]

Art. 6.7:

Le droit de vote se définit en fonction de la personnalité juridique du membre. Ainsi, pour les personnes physiques, chaque membre bénéficie d’une voix lors des délibérations de l’assemblée générale. En revanche, pour les personnes morales, le droit de vote du membre est attribué aux personnes physiques déclarées auprès de l’Association par la personne morale, tel que défini dans le ROI, âgé de 16 à 23 ans inclus ou ayant la qualité de « Chef » nommé conformément aux dispositions énoncées dans le ROI de l’Association.

 

All stëmmberechtegte Member vum Kongress kritt bei der Aschreiwung 1 Stëmmkaart. Wie fir de Kongress verhënnert ass, kann engem aneren, stëmmberechtegten, Member vum Verbandskongress eng Procuratioun gi fir a sengem Numm ofzestëmmen (dat geschitt iwwert de Formulaire hei ënnen drënner), dëse kritt dann eng zweet Stëmmkaart. Et ka kee méi wéi zwou Stëmmkaarten hunn. (Art. 4.1.4 vun den LGS-Statuten)

Iwwert d’Propose fir d’Ännerung vun de Statuten kann net iwwer Procuratioun ofgestëmmt ginn.

Et ass dëst Joer net méiglech online ofzestëmmen.

 

Aus de Statuten Verband vun de Letzebuerger Guiden a Scouten (gestëmmt den 07. Dezember 2025) :

[…]

Art. 6.8:

Les membres étant des personnes physiques peuvent se faire représenter à l’assemblée générale par un autre membre étant personne physique. Chaque membre personne physique ne peut accepter qu’une seule procuration.

Art. 6.9:

Un tiers des personnes avec droit de vote d’un membre étant une personne morale peut être représenté à l’assemblée générale par une autre personne avec droit de vote de la même personne morale. Chaque personne avec droit de vote d’un membre étant une personne morale ne peut accepter qu’une seule procuration.

 

Fëll dëse Formulaire wann et geet w.e.g. viru Freides, de 15. September um 12h aus, fir datt d’Sekretariat d’Ernennunge kontrolléiere kann.


D’Versprieche setzt eng konkret Gemeinschaft viraus, déi versprécht, datt deen Eenzelen:

  • eng Hëllef kritt säi Wee ze fannen a Sënnfroen ze stellen
  • Vertrauen entgéintbruecht kritt
  • Aktivitéiten an Erfarunge mécht, déi e weiderbréngen a wou e séng Fähegkeete kann entdecken
  • gutt Frënn fënnt, wiz et zu flotten a wichtege Gespéicher kënnt, déi hien als Jugendlechen op séngem Wee weiderbréngen
  • e partizipative Geescht erliewt
  • Cheftainen a Chef, wéi och Kolleege begéint, déi Zäit hunn, fir op hien ze lauschteren (Baden-Powell: ‘ask the boy, the girl’)
  • däerf Feeler maachen a versoen

D’Cheféquipe ass Begleeder a Beroder vun deene Jonken. Kee Contrôleur. Wann also opfällt, dass een säi Verspriechen net anhält, da soll de Chef dat uschwätzen. Awerr am Sënn vu “Wéi kann ech dech ënnerstëtze fir dass et besser geet?” “Wat fäéét der schwéier?”

Eng flott Iddi: wann déi nei hiert Versprieche virbereeden, erënneren déi “grouss” sech un hiert Verspriechen a maachen e klenge Bilan vun hirem Verspriechen.

Froen:

  • Wat huet gutt geklappt vun deem wat ech mir virgeholl hunn?
  • Wou muss ech nach u mir schaffen?

Als Zeeche vun dësem Bilan kënnen d’CaraPio sech entscheede fir de Badge vun der Wandrous.

Wanns du dech wëlls weiderbréngen, da setz der d’Lat net ze niddreg. Et soll ee sech orientéieren un deem, wat ee gutt kann. D’Zil ass d’Fro “Wou wëll ech mech weiderentwéckelen?”

D’Verspriechen ass e wichtegen Deel vum perséinleche Fortschrëtt. D’Guide / Scoutsmethod hëlleft deene Jonken ob hirem Wee weider ze kommen / sech weider ze entwéckelen.

D’Verspriechen hëlleft deem Jonken derbäi säin Zil ze definéieren.

 

An all Branche huet dee Jonken d’Méiglechkeet fir e Verspriechen ze maachen, op deem Entwéckelungsstand wou hie grad ass.

All Jonken probéiert säi Bescht ze maachen, je no séngen eegene Méiglechkeeten. Hie versprécht dëst als Mënsch, deen nach an der Entwécklung ass. Och beim Versprieche gëlt “learning by doing”. De Jonken dierf Feeler maachen an sech doduerch weiderentwéckelen.

Wann de Moment do ass, proposéiert d’Cheféquipe de Memberen aus hirer Unitéit fir hiert Verspriechen ze maachen. D’Guide / De Scout entscheed selwer ob hatt / hien dozou bereet ass.