Desk

Mir wuessen zesummen! De roude Fuedem 2026–2029

Aus dem fréiere „Mot d’ordre“ gëtt ab elo eise „roude Fuedem“. Dëse gëtt eis fir déi kommend dräi Joer eng kloer Visioun vir: „Mir wuessen zesummen“.

An enger Gesellschaft, déi ëmmer méi individualistesch gëtt, setze mir als LGS bewosst e staarkt Zeeche fir Zesummenhalt, Hëllefsbereetschaft a fräiwëllegt Engagement. Mir schafen eng Plaz, wou jiddereen wëllkomm ass a wou mir souwuel als staark Gemeinschaft wéi och als eenzel Perséinlechkeet wuesse kënnen.

Déi dräi Joeres-Schwéierpunkten am Iwwerbléck:

  • 2026/2027 – Zesummenhalt: Plazen a Méiglechkeete schafen, wou jiddereen – onofhängeg vu Background, Alter oder Fäegkeeten – seng Plaz fënnt an zum Grupp bäidréit. Mir wuessen als Grupp zesummen a jiddereen eenzel kann am Grupp wuessen.

  • 2027/2028 – B.A. (Bonne Action)

  • 2028/2029 – Benevolat

Loosst eis dës dräi Joer notzen, fir zesummen ze wuessen!

D’Versprieche setzt eng konkret Gemeinschaft viraus, déi versprécht, datt deen Eenzelen:

  • eng Hëllef kritt säi Wee ze fannen a Sënnfroen ze stellen
  • Vertrauen entgéintbruecht kritt
  • Aktivitéiten an Erfarunge mécht, déi e weiderbréngen a wou e séng Fähegkeete kann entdecken
  • gutt Frënn fënnt, wiz et zu flotten a wichtege Gespéicher kënnt, déi hien als Jugendlechen op séngem Wee weiderbréngen
  • e partizipative Geescht erliewt
  • Cheftainen a Chef, wéi och Kolleege begéint, déi Zäit hunn, fir op hien ze lauschteren (Baden-Powell: ‘ask the boy, the girl’)
  • däerf Feeler maachen a versoen

D’Cheféquipe ass Begleeder a Beroder vun deene Jonken. Kee Contrôleur. Wann also opfällt, dass een säi Verspriechen net anhält, da soll de Chef dat uschwätzen. Awerr am Sënn vu “Wéi kann ech dech ënnerstëtze fir dass et besser geet?” “Wat fäéét der schwéier?”

Eng flott Iddi: wann déi nei hiert Versprieche virbereeden, erënneren déi “grouss” sech un hiert Verspriechen a maachen e klenge Bilan vun hirem Verspriechen.

Froen:

  • Wat huet gutt geklappt vun deem wat ech mir virgeholl hunn?
  • Wou muss ech nach u mir schaffen?

Als Zeeche vun dësem Bilan kënnen d’CaraPio sech entscheede fir de Badge vun der Wandrous.

Wanns du dech wëlls weiderbréngen, da setz der d’Lat net ze niddreg. Et soll ee sech orientéieren un deem, wat ee gutt kann. D’Zil ass d’Fro “Wou wëll ech mech weiderentwéckelen?”

D’Verspriechen ass e wichtegen Deel vum perséinleche Fortschrëtt. D’Guide / Scoutsmethod hëlleft deene Jonken ob hirem Wee weider ze kommen / sech weider ze entwéckelen.

D’Verspriechen hëlleft deem Jonken derbäi säin Zil ze definéieren.

 

An all Branche huet dee Jonken d’Méiglechkeet fir e Verspriechen ze maachen, op deem Entwéckelungsstand wou hie grad ass.

All Jonken probéiert säi Bescht ze maachen, je no séngen eegene Méiglechkeeten. Hie versprécht dëst als Mënsch, deen nach an der Entwécklung ass. Och beim Versprieche gëlt “learning by doing”. De Jonken dierf Feeler maachen an sech doduerch weiderentwéckelen.

Wann de Moment do ass, proposéiert d’Cheféquipe de Memberen aus hirer Unitéit fir hiert Verspriechen ze maachen. D’Guide / De Scout entscheed selwer ob hatt / hien dozou bereet ass.