Desk

# Gréng am Home

Iwwert 9 praktesch Beraicher aus dem Scoutsalldag am a ronderem de Guiden- a Scoutshome huet den Aarbechtsgrupp „Gréngen Home“ e Brainstorming gemaach wat esou alles dozougehéiert. Iwwerschneidungspunkte mat de Schaffberäicher vun den zwee aner AG’e „Grénge Camp“ an „Grénge Programm/Aktivitéite“ weisen d’Verknäppungspunkte vun dësen drei Ënnergruppen vun der Verbandséquipe „Nohaltegkeet“.

Eis Themegebidder résuméiere sech demno op dës 9 Fiche technique‘en:

  1. Bauen, renovéieren a verwalten
  2. Heizung, waremt Waasser an Energie
  3. Stroum a Liicht
  4. Waasser (wäschen & Spaass)
  5. Holz (vum Intérieur iwwert Scoutskonstruktioune bis op d’Lagerfeier)
  6. Ravi
  7. Material (iwwert Botz-, Animatiouns-, Büros- a Camppmaterial)
  8. Offallwirtschaft (3-R: reduce, reuse, recycle)
  9. Mobilitéit

Ganz generell kinnt spéiderhinn och e pädagogesche Koffer „Gréngen Home“ erauskomme deen d’Themegebidder vun der Ökologie an Nohaltegkeet am Home spilleresch opschafft.

[Eis Approche huet nët d’Ambitioun komplett ze sinn, di eenzel Themegebidder konzentréire sech op dat Essentielt am Guiden- a Scoutsalldag fir eng méiglechst breet Novollzéibarkeet ze erreechen. Mir verweisen och op keng privatwirtschaftlech oder kommerziel Betriber déi am Beräich Ecologie ënnerwee sinn well een nie komplett ka sinn an all Oplëschtung ass mat rechtlechen Aspekt verbonnen.  Pro Fiche technique gett et spéiderhinn ëmmer e Sachinfodeel,  e Quizz (à la Jeperdy), en Challenge (z.B. d’Opfuederung de Verbrauch vun Stroum, Waasser…ze reduzéiere) an e Witz oder eng Anekdote fir e bessert Verhale vun de Kärinformatiounen. Dës Fiche technique sollen Check-Lëschte ginn, déi op eng flott graphesch an didaktesch Art a Weis opbereed gin; se ginn op eng spilleresch a liicht verständlech Manéier e Feedback, respektiv en Abléck wou een drunn ass mat séngem Home ouni ower eng reng Bewertungsskala ze sinn.

De Choix wat wéi wou bis zu wéi engem Grad ëmgeännert ka ginn muss mat dem jeweile Propriétaire oder Gestionnaire vum Home gekuckt gin. Hei geet d’Bandbreed vu kommunale, staatleche, kiirchleche bis zu privatrechtlechen Träger deenen den Home gehéiert oder déi e selwer och exploitéiren oder enger Organisatioun zur Verfügung stelle fir en ze notzen. 

Queesch doduerch an zu gudder läscht hu mir eis als „zéngte“ Fiche technique eng Synthèse vun den néng Themegebidder a Form vun enger Ökorallye ausgeduecht, déi ganz spezifesch op all Home zougeschnidde an ugepasst ka ginn (hei um Beispill vum Neihaisgen.]

 

Sou sinn dës Fichen hei ënnendrënner nach ëmmer an Arbecht, ma eise “Brouillon” stelle mer trotzdem well zur Verfügung.

 

Wanns du Froen hues oder matmaache wëlls, dann mell dech bei eis per Mail : nohaltegkeet @ lgs.lu

D’Versprieche setzt eng konkret Gemeinschaft viraus, déi versprécht, datt deen Eenzelen:

  • eng Hëllef kritt säi Wee ze fannen a Sënnfroen ze stellen
  • Vertrauen entgéintbruecht kritt
  • Aktivitéiten an Erfarunge mécht, déi e weiderbréngen a wou e séng Fähegkeete kann entdecken
  • gutt Frënn fënnt, wiz et zu flotten a wichtege Gespéicher kënnt, déi hien als Jugendlechen op séngem Wee weiderbréngen
  • e partizipative Geescht erliewt
  • Cheftainen a Chef, wéi och Kolleege begéint, déi Zäit hunn, fir op hien ze lauschteren (Baden-Powell: ‘ask the boy, the girl’)
  • däerf Feeler maachen a versoen

D’Cheféquipe ass Begleeder a Beroder vun deene Jonken. Kee Contrôleur. Wann also opfällt, dass een säi Verspriechen net anhält, da soll de Chef dat uschwätzen. Awerr am Sënn vu “Wéi kann ech dech ënnerstëtze fir dass et besser geet?” “Wat fäéét der schwéier?”

Eng flott Iddi: wann déi nei hiert Versprieche virbereeden, erënneren déi “grouss” sech un hiert Verspriechen a maachen e klenge Bilan vun hirem Verspriechen.

Froen:

  • Wat huet gutt geklappt vun deem wat ech mir virgeholl hunn?
  • Wou muss ech nach u mir schaffen?

Als Zeeche vun dësem Bilan kënnen d’CaraPio sech entscheede fir de Badge vun der Wandrous.

Wanns du dech wëlls weiderbréngen, da setz der d’Lat net ze niddreg. Et soll ee sech orientéieren un deem, wat ee gutt kann. D’Zil ass d’Fro “Wou wëll ech mech weiderentwéckelen?”

D’Verspriechen ass e wichtegen Deel vum perséinleche Fortschrëtt. D’Guide / Scoutsmethod hëlleft deene Jonken ob hirem Wee weider ze kommen / sech weider ze entwéckelen.

D’Verspriechen hëlleft deem Jonken derbäi säin Zil ze definéieren.

 

An all Branche huet dee Jonken d’Méiglechkeet fir e Verspriechen ze maachen, op deem Entwéckelungsstand wou hie grad ass.

All Jonken probéiert säi Bescht ze maachen, je no séngen eegene Méiglechkeeten. Hie versprécht dëst als Mënsch, deen nach an der Entwécklung ass. Och beim Versprieche gëlt “learning by doing”. De Jonken dierf Feeler maachen an sech doduerch weiderentwéckelen.

Wann de Moment do ass, proposéiert d’Cheféquipe de Memberen aus hirer Unitéit fir hiert Verspriechen ze maachen. D’Guide / De Scout entscheed selwer ob hatt / hien dozou bereet ass.