Desk

D’Zukunft gehéiert eis! – Mot d’ordre 2023-2026

Participatioun a Matbestëmmung bei den LGS

*** *** ***

„Et sinn déi Jonk vun haut déi d’Entscheedunge vu muer treffen.“ (Zitat aus der neier Method)

Participatioun baséiert op der Iwwerzeegung, datt jiddereen d’Recht an d’Méiglechkeet huet bei Entscheedungen an Ugeleeënheeten, déi d’eegent Liewen, d’eege Gemeinschaft an d’eegen Ëmwelt betreffen, mat ze schwätzen, sech anzebréngen, zesumme Léisungen ze sichen an dës zesummen ëmzesetzen.

Als Jugendmouvement wëlle mir déi Jonk op hirem Wee stäerken, ënnerstëtzen an si drop virbereeden, Verantwortung vis-à-vis vun hire Matmënschen, hirer Ëmwelt a vis-a-vis vun sech selwer ze iwwerhuelen.

An dësem Sënn sollen all eis Memberen a virun allem eis jonk Memberen d’Méiglechkeet hunn, op lokalem wéi op nationalem Niveau hir Meenung ze äusseren, hir Iddien anzebréngen, matzebestëmmen a gehéiert ze ginn.

Bei den LGS ass et un eis Erwuessenen dës Méiglechkeeten ze schafen; eise Kanner a Jonken eppes zouzetrauen, hinne Responsabilitéiten ze iwwerginn an si an hiren Iddien ze respektéieren an ze stäerken, esou datt si d‘Zukunft selwer gestallten a lenke kënnen.

Als gréisste Jugendmouvement zu Lëtzebuerg ass et eis Responsabilitéit, mat der Zäit ze goen an eis bestoend Strukturen an Ofleef ze iwwerdenken, oppen ze si fir nei Iddien, eis Aarbechtsweis ze hannerfroen a virun allem deene Jonken d’Méiglechkeet ze ginn sech aktiv un dësem Prozess ze bedeelegen.

Fir dëst ëmzesetzen, ass et wichteg gemeinsam ze definéieren, wat Participatioun fir eis als LGS konkreet bedeit.

*** *** ***

Dir sicht no Ënnerstëtzung fir äre Projet méi participativ ze gestallten, dir braucht eng flott Methode fir äre Bilan méi interessant ze maachen, dir wëllt de Mini-Grupperot bei iech am Grupp ëmsetzen…. ? Bei alle Froen zur Participatioun kënnt dir iech bei mir mellen:

Liz Feinen

Mail: liz.feinen@lgs.lu

Tel.: 26 94 84 36

 

D’Versprieche setzt eng konkret Gemeinschaft viraus, déi versprécht, datt deen Eenzelen:

  • eng Hëllef kritt säi Wee ze fannen a Sënnfroen ze stellen
  • Vertrauen entgéintbruecht kritt
  • Aktivitéiten an Erfarunge mécht, déi e weiderbréngen a wou e séng Fähegkeete kann entdecken
  • gutt Frënn fënnt, wiz et zu flotten a wichtege Gespéicher kënnt, déi hien als Jugendlechen op séngem Wee weiderbréngen
  • e partizipative Geescht erliewt
  • Cheftainen a Chef, wéi och Kolleege begéint, déi Zäit hunn, fir op hien ze lauschteren (Baden-Powell: ‘ask the boy, the girl’)
  • däerf Feeler maachen a versoen

D’Cheféquipe ass Begleeder a Beroder vun deene Jonken. Kee Contrôleur. Wann also opfällt, dass een säi Verspriechen net anhält, da soll de Chef dat uschwätzen. Awerr am Sënn vu “Wéi kann ech dech ënnerstëtze fir dass et besser geet?” “Wat fäéét der schwéier?”

Eng flott Iddi: wann déi nei hiert Versprieche virbereeden, erënneren déi “grouss” sech un hiert Verspriechen a maachen e klenge Bilan vun hirem Verspriechen.

Froen:

  • Wat huet gutt geklappt vun deem wat ech mir virgeholl hunn?
  • Wou muss ech nach u mir schaffen?

Als Zeeche vun dësem Bilan kënnen d’CaraPio sech entscheede fir de Badge vun der Wandrous.

Wanns du dech wëlls weiderbréngen, da setz der d’Lat net ze niddreg. Et soll ee sech orientéieren un deem, wat ee gutt kann. D’Zil ass d’Fro “Wou wëll ech mech weiderentwéckelen?”

D’Verspriechen ass e wichtegen Deel vum perséinleche Fortschrëtt. D’Guide / Scoutsmethod hëlleft deene Jonken ob hirem Wee weider ze kommen / sech weider ze entwéckelen.

D’Verspriechen hëlleft deem Jonken derbäi säin Zil ze definéieren.

 

An all Branche huet dee Jonken d’Méiglechkeet fir e Verspriechen ze maachen, op deem Entwéckelungsstand wou hie grad ass.

All Jonken probéiert säi Bescht ze maachen, je no séngen eegene Méiglechkeeten. Hie versprécht dëst als Mënsch, deen nach an der Entwécklung ass. Och beim Versprieche gëlt “learning by doing”. De Jonken dierf Feeler maachen an sech doduerch weiderentwéckelen.

Wann de Moment do ass, proposéiert d’Cheféquipe de Memberen aus hirer Unitéit fir hiert Verspriechen ze maachen. D’Guide / De Scout entscheed selwer ob hatt / hien dozou bereet ass.