Desk

Den Aarbechtsgrupp Archiven a Recherche (AG A&R) vun den LGS stellt sech vir 

Säit ville Jore gouf bei den LS / LG an dono bei den LGS vun der Noutwendegkeet rieds, Archiven opzebauen. Et gouf och an der Vergangenheet schonns en etlech Versich.
Zënter ronn zwee Joer ass et elo endlech esouwäit. No der Decisioun vun dem Comité, Archiven opzebauen an z’entwéckelen a ville Viraarbechte kann sech den Aarbechtsgrupp elo kuerz virstellen.

De Verband wëll eng Mémoire collective opbauen. Si soll hëllefen…

    • d’Evolutioun vun den LG, LS a spéider d’LGS ze dokumentéieren an interesséierte Memberen aus der Verbandsleedung oder lokale Gruppen a Studenten, Doktoranden a Chercheuren zougänglech maachen.
    • Jetzegen a spéidere Responsabele vun den LGS Dokumenter zu de Methoden a  Konzepter  vun de Branchen, den Ausriichtunge vum Verband, de Programmer insgesamt, wéi och zur Organisatioun vu groussen nationalen Evenementer (national Aktivitéite wéi Campen, Rallyen, asw.) zur Verfügung ze stellen.

Bei den Dokumenter handelt et sech:

    • Insgesamt ëm schrëftlech Dokumenter wéi Rapporten, Programmer, Konzepter, Methoden, Zäitschrëften, Artikelen an der Press, Brochuren  … (a physesch oder an digitaler Form), Fotoen, Filmer Plakaten, elektronesch Medien…
    • ëm déi wichteg Rapporten an Dokumenter aus de Branchenekippen, dem Comité an deenen aneren Ekippe vun den LGS.

D’Enregistréiere geschitt elo schonns mat Hëllef vun enger Archivesoftware an an Ofsprooch an Ënnerstëtzung mat dem CNA an den Nationalarchiven.
Een Handbuch, dat aktuell an der Aarbecht ass, soll schrëftlech Prozeduren an Aarbechtshëllefen ubidden,  mam Zweck een eenheetlecht Schaffe mat den Archivgidder sécher ze stellen.
Eng Zesummenaarbecht matt der Equipe „Public Relation“ awer och anere Gremie vum Verband ass virgesinn, well et ass wichteg, datt jiddereen säi Beitrag zum Archiv leescht awer och vun dëser Mémoire collective profitéiere kann.

Weideren Timing

    • An de nächste Woche ginn d’Prozedure fir d’Rezeptioun  vun deene verschiddene Forme vu Material nach fäerdeg gestallt.
    • Nach virum Summer gi Leit perséinlech ugeschriwwen, fir no Dokumenter ze froen, déi interessant fir d’Mémoire collective sinn.
    • Um Chefdag am Hierscht stellt den AG Archiven a Recherche de ganze Projet vir an ass da prett fir weiderhi verantwortungsvoll gréisser Quantitéite vun Dokumenter ze verschaffen.

De Moment huet den Aarbechtsgrupp sech dräi Voleten opgedeelt:

    • Allgemeng physesch oder digital Dokumenter
    • Fotoen an audiovisuellt Material
    • Recherche zur fréierer an heiteger ideologescher a pedagogescher Entwécklung vun den LGS

D’Memberen vun dem AG A&R

  • Grupp Dokumenter:
    • Alain Van den Bossche
    • Ender Wagener
    • Fränz Pauly
    • Tweety Mouris
  • Grupp Medien:
    • Arny Martin
    • Fernande Jourdain
    • Monique Rock
    • Nicole Gaudron
    • Skippy Mouris
  • Grupp Recherche:
    • Andy Vuori
    • Christiane Meyers
    • Jom Weber
    • Marc Klepper
    • Marc Weis
    • Pol Felten

Kontaktéier eis!

archiven@lgs.lu

D’Versprieche setzt eng konkret Gemeinschaft viraus, déi versprécht, datt deen Eenzelen:

  • eng Hëllef kritt säi Wee ze fannen a Sënnfroen ze stellen
  • Vertrauen entgéintbruecht kritt
  • Aktivitéiten an Erfarunge mécht, déi e weiderbréngen a wou e séng Fähegkeete kann entdecken
  • gutt Frënn fënnt, wiz et zu flotten a wichtege Gespéicher kënnt, déi hien als Jugendlechen op séngem Wee weiderbréngen
  • e partizipative Geescht erliewt
  • Cheftainen a Chef, wéi och Kolleege begéint, déi Zäit hunn, fir op hien ze lauschteren (Baden-Powell: ‘ask the boy, the girl’)
  • däerf Feeler maachen a versoen

D’Cheféquipe ass Begleeder a Beroder vun deene Jonken. Kee Contrôleur. Wann also opfällt, dass een säi Verspriechen net anhält, da soll de Chef dat uschwätzen. Awerr am Sënn vu “Wéi kann ech dech ënnerstëtze fir dass et besser geet?” “Wat fäéét der schwéier?”

Eng flott Iddi: wann déi nei hiert Versprieche virbereeden, erënneren déi “grouss” sech un hiert Verspriechen a maachen e klenge Bilan vun hirem Verspriechen.

Froen:

  • Wat huet gutt geklappt vun deem wat ech mir virgeholl hunn?
  • Wou muss ech nach u mir schaffen?

Als Zeeche vun dësem Bilan kënnen d’CaraPio sech entscheede fir de Badge vun der Wandrous.

Wanns du dech wëlls weiderbréngen, da setz der d’Lat net ze niddreg. Et soll ee sech orientéieren un deem, wat ee gutt kann. D’Zil ass d’Fro “Wou wëll ech mech weiderentwéckelen?”

D’Verspriechen ass e wichtegen Deel vum perséinleche Fortschrëtt. D’Guide / Scoutsmethod hëlleft deene Jonken ob hirem Wee weider ze kommen / sech weider ze entwéckelen.

D’Verspriechen hëlleft deem Jonken derbäi säin Zil ze definéieren.

 

An all Branche huet dee Jonken d’Méiglechkeet fir e Verspriechen ze maachen, op deem Entwéckelungsstand wou hie grad ass.

All Jonken probéiert säi Bescht ze maachen, je no séngen eegene Méiglechkeeten. Hie versprécht dëst als Mënsch, deen nach an der Entwécklung ass. Och beim Versprieche gëlt “learning by doing”. De Jonken dierf Feeler maachen an sech doduerch weiderentwéckelen.

Wann de Moment do ass, proposéiert d’Cheféquipe de Memberen aus hirer Unitéit fir hiert Verspriechen ze maachen. D’Guide / De Scout entscheed selwer ob hatt / hien dozou bereet ass.