Desk

Congé Jeunesse

De Congé-jeunesse gouf per Gesetz den 1. Januar 2008 agefouert. Dëst Gesetz (Mémorial A 241 – Loi du 24 octobre 2007 portant création d’un congé individuel de formation) gesäit fir, datt Leit, déi an hirer Aarbechtszäit eng Formatioun (Stip; Stap; Gilwell) maachen oder eng  edukativ Aktivitéit (Staff vum Camp, Formatioun) fir Jugendlech encadréieren, kënne fir dësen Zweck en extrae Congé kréien, dee vum Staat bezuelt gëtt.

Hei ënne fënns du de Formulaire fir d’Demande.

Opgepasst!

  • Wann s du Organisator vun engem Camp oder Formatioun bass, muss du am Feld ënner dem Feld vun der Aktivitéit eng Optioun ukräizen. D’Erklärung zu dësen Optiounen fënns du hei.
  • Wann s du Participant op enger Formatioun bass, muss du am Feld “si vous paticipez… à une formation” déi lescht Optioun ukräizen.
  • Wann s du de Formulaire online ausfëlle wëlls, gëtt eng digital Ënnerschrëft vun dir, vum Patron a vun der Organisatioun verlaangt. Dofir muss du de Formulaire am Adobe Acrobat opmaachen. Hei kanns du de Programm erouflueden: Acrobat Reader. Fro däi Patron, ob hien schonn eng digital Ënnerschrëft huet, soss muss hien de Formulaire manuell ënnerschreiwen.
  • Du kanns de Formulaire och ausdrécken a manuell ausfëllen.
  • Du kanns de Formulaire, fir de Fall, datt online kann augefëllt ginn einfach per Mail un de Patron an un d’Verbandssekretariat weiderschécken.
  • Wann s du de Formulaire manuell ausfëlls, kanns du no der Ënnerschrëft vum Patron per Post, per Email (gescannt am pdf-Format) oder per Uploud (gescannt am pdf-Format) un d’Verbandssekretariat schécken.

Adress: 5, rue Munchen-Tesch L-2173 Luxembourg

Email: sekretariat@lgs.lu

Uploud hei ënnen

Weider Erklärungen iwwert de Congé Jeunesse:

Link SNJ

Formulairen

 

Formulairen

D’Versprieche setzt eng konkret Gemeinschaft viraus, déi versprécht, datt deen Eenzelen:

  • eng Hëllef kritt säi Wee ze fannen a Sënnfroen ze stellen
  • Vertrauen entgéintbruecht kritt
  • Aktivitéiten an Erfarunge mécht, déi e weiderbréngen a wou e séng Fähegkeete kann entdecken
  • gutt Frënn fënnt, wiz et zu flotten a wichtege Gespéicher kënnt, déi hien als Jugendlechen op séngem Wee weiderbréngen
  • e partizipative Geescht erliewt
  • Cheftainen a Chef, wéi och Kolleege begéint, déi Zäit hunn, fir op hien ze lauschteren (Baden-Powell: ‘ask the boy, the girl’)
  • däerf Feeler maachen a versoen

D’Cheféquipe ass Begleeder a Beroder vun deene Jonken. Kee Contrôleur. Wann also opfällt, dass een säi Verspriechen net anhält, da soll de Chef dat uschwätzen. Awerr am Sënn vu “Wéi kann ech dech ënnerstëtze fir dass et besser geet?” “Wat fäéét der schwéier?”

Eng flott Iddi: wann déi nei hiert Versprieche virbereeden, erënneren déi “grouss” sech un hiert Verspriechen a maachen e klenge Bilan vun hirem Verspriechen.

Froen:

  • Wat huet gutt geklappt vun deem wat ech mir virgeholl hunn?
  • Wou muss ech nach u mir schaffen?

Als Zeeche vun dësem Bilan kënnen d’CaraPio sech entscheede fir de Badge vun der Wandrous.

Wanns du dech wëlls weiderbréngen, da setz der d’Lat net ze niddreg. Et soll ee sech orientéieren un deem, wat ee gutt kann. D’Zil ass d’Fro “Wou wëll ech mech weiderentwéckelen?”

D’Verspriechen ass e wichtegen Deel vum perséinleche Fortschrëtt. D’Guide / Scoutsmethod hëlleft deene Jonken ob hirem Wee weider ze kommen / sech weider ze entwéckelen.

D’Verspriechen hëlleft deem Jonken derbäi säin Zil ze definéieren.

 

An all Branche huet dee Jonken d’Méiglechkeet fir e Verspriechen ze maachen, op deem Entwéckelungsstand wou hie grad ass.

All Jonken probéiert säi Bescht ze maachen, je no séngen eegene Méiglechkeeten. Hie versprécht dëst als Mënsch, deen nach an der Entwécklung ass. Och beim Versprieche gëlt “learning by doing”. De Jonken dierf Feeler maachen an sech doduerch weiderentwéckelen.

Wann de Moment do ass, proposéiert d’Cheféquipe de Memberen aus hirer Unitéit fir hiert Verspriechen ze maachen. D’Guide / De Scout entscheed selwer ob hatt / hien dozou bereet ass.