Desk

D’LGS hunn sech als Zil gesat méi nohalteg ze ginn. Mee wat heescht dat genau a wéi soll all eenzele Grupp, Trupp, Chef oder Member dat op enger gréisserer Aktivitéit ëmsetzen? Dës Checklëscht soll dir konkret dobäi hëllefen. Begleet gëtt d’Checklëscht vun enger Rei Fichen, déi Tips zu dëse verschiddene Punkte ginn a villes méi am Detail erklären. D’Fiche fënns du an denger Chefbox am Desk bei der AG Nohaltegkeet ënnert „Nohaltegkeet um Camp“.

Hues du Froen zu der Checklëscht oder weess net wéis du déi verschidde Punkten ëmsetze solls, mell dech bei eis iwwert nohaltegkeet@lgs.lu. Dëst Dokument geet dir net wäit genuch? Zéck net denger Checklëscht zousätzlech Punkte bäizefügen an eis däi Feedback ze schécken.

Nohaltegkeet soll belount ginn: Kräiz an der Checklëscht d’Punkten un,
déi dir fir är Aktivitéit erfëllt hutt. Hutt dir déi mam * alleguerten erfëllt, an 9 ouni *,
hutt dir iech eng Auszeechnung verdéngt.

Déi beschten nohalteg Aktivitéite gi mat engem Kaddo belount.

Checklëscht Nohaltegkeet <

LU

EN

Fir de PDF um Smartphone ausfëllen ze kënnen, muss een dee fir d’éischt erofgelude ginn.

D’Versprieche setzt eng konkret Gemeinschaft viraus, déi versprécht, datt deen Eenzelen:

  • eng Hëllef kritt säi Wee ze fannen a Sënnfroen ze stellen
  • Vertrauen entgéintbruecht kritt
  • Aktivitéiten an Erfarunge mécht, déi e weiderbréngen a wou e séng Fähegkeete kann entdecken
  • gutt Frënn fënnt, wiz et zu flotten a wichtege Gespéicher kënnt, déi hien als Jugendlechen op séngem Wee weiderbréngen
  • e partizipative Geescht erliewt
  • Cheftainen a Chef, wéi och Kolleege begéint, déi Zäit hunn, fir op hien ze lauschteren (Baden-Powell: ‘ask the boy, the girl’)
  • däerf Feeler maachen a versoen

D’Cheféquipe ass Begleeder a Beroder vun deene Jonken. Kee Contrôleur. Wann also opfällt, dass een säi Verspriechen net anhält, da soll de Chef dat uschwätzen. Awerr am Sënn vu “Wéi kann ech dech ënnerstëtze fir dass et besser geet?” “Wat fäéét der schwéier?”

Eng flott Iddi: wann déi nei hiert Versprieche virbereeden, erënneren déi “grouss” sech un hiert Verspriechen a maachen e klenge Bilan vun hirem Verspriechen.

Froen:

  • Wat huet gutt geklappt vun deem wat ech mir virgeholl hunn?
  • Wou muss ech nach u mir schaffen?

Als Zeeche vun dësem Bilan kënnen d’CaraPio sech entscheede fir de Badge vun der Wandrous.

Wanns du dech wëlls weiderbréngen, da setz der d’Lat net ze niddreg. Et soll ee sech orientéieren un deem, wat ee gutt kann. D’Zil ass d’Fro “Wou wëll ech mech weiderentwéckelen?”

D’Verspriechen ass e wichtegen Deel vum perséinleche Fortschrëtt. D’Guide / Scoutsmethod hëlleft deene Jonken ob hirem Wee weider ze kommen / sech weider ze entwéckelen.

D’Verspriechen hëlleft deem Jonken derbäi säin Zil ze definéieren.

 

An all Branche huet dee Jonken d’Méiglechkeet fir e Verspriechen ze maachen, op deem Entwéckelungsstand wou hie grad ass.

All Jonken probéiert säi Bescht ze maachen, je no séngen eegene Méiglechkeeten. Hie versprécht dëst als Mënsch, deen nach an der Entwécklung ass. Och beim Versprieche gëlt “learning by doing”. De Jonken dierf Feeler maachen an sech doduerch weiderentwéckelen.

Wann de Moment do ass, proposéiert d’Cheféquipe de Memberen aus hirer Unitéit fir hiert Verspriechen ze maachen. D’Guide / De Scout entscheed selwer ob hatt / hien dozou bereet ass.