Hëllef

Wéi kréien ech mäi Chef-Login?

Jiddereen deen als Chef/taine am Membersfichier (Hëllef) agedroen ass, huet automatesch Accès op d’Chefbox. Du muss dofir keng Ernennung als ATC oder TC hunn. De Responsabele vum Membersfichier an dengem Grupp muss dech just als Chef am Membersfichier agedroen hunn.

Esoubal s du als Chef/taine am Membersfichier agedroen bass, gëtt automatesch däin LGS Chef-Login erstallt.

Opgepasst! De Membersfichier mécht d’Synchronisatioun mat der Chefbox just wärend der Woch.

Fir dech déi éischte kéier anzelogge musst du fir d’éischt en neit Passwuert ufroen. 

Dréck dofir op Passwuert verluer? a gëff hei deng Email Adresse an, mat däers du och als Chef/taine am Membersfichier agedroe bass.

Wann d’Ufro fir e neit Passwuert NET klappt ass héchstwarscheinlech deng Fiche am Membersfichier net komplett. Fro an dësem Fall bei dengem Gruppechef oder Responsabele vum Membersfichier no, ob an denger Fiche eng Email Adresse an eng gülteg Chef-Funktioun agedroe sinn.

Bei weidere Problemer oder Froen, nom kontrolléiere vum Membersfichier, mëll dech w.e.g. iwwert de Kontaktformular beim LGS Webmaster.