Formatioun

 
Waardelëscht STAP 2027
29. Mär 2027 08:30
05. Abr 2027 16:00
Neihaischen
40 Plaze fräi vun 40
Chef, déi den 1. Zyklus vun der Formatioun ofgeschloss hunn
Bësch, Diskussiounsronn, Dobannen, Dobaussen
Dell Aurélie, Schmit Matthieu

Ziler

Um Enn vun dëser Formatioun soll de Kandidat kënnen :
eng Branchenunitéit (Famill, Ruddel, Trupp, Clan) an eng Chefekipp leeden
e Camp (eng Aktivitéit vun 3 oder méi Nuechten) organiséieren a leeden.

Inhalt

Roll vum Branchechef
Féierungsstiler
Organisatioun vun engem Guiden- a Scoutscamp
Administratives (intern an extern)
Finanzielles (e Budget opstellen a geréieren)
Logistik (eng Campplaz ariichten)
Sécherheet, Präventioun, Assurancen, Abus sexuel
Psychologie vum Kand / Jugendlechen
Gruppendynamik
Konfliktpräventioun
Elterenaarbecht
Internationales (Camp am Ausland)
Ravi (en ausgeglachene Menu opstellen)
Branchemethoden
Campliewen
Animatiounstechniken
Naturpädagogik
Spirituell Animatioun
Bilan vun enger Aktivitéit

Beschreiwung

Well de STAP ausgebucht ass, hu mir eng Waardelëscht opgemaach. Dëst gëtt de Kandidaten d'Méiglechkeet nozëréckelen, falls sech een ofmeld, mee erlaabt et eis och, d'Demande fir d'Gruppen 2026/2027 kënnen anzeschätzen – am Hibléck op d'Plazen an d'Kapazitéit vum nächste STAP.

De STAP ("Stage d'Approfondissement Pédagogique") ass den "theoreteschen" Deel vum 2. Zyklus vun der Formatioun bei den LGS, fir eng Ernennung als Branchechef (Biberchef, Akela, Truppechef, Clanchef) an de Brevet Animateur C ze kréien.

Bezuelen

Grondpräis: 250.00 €
Bezuelmethod: Keng