Ziler
D'Kandidate sollen herno kënnen autonom hirem Grupp bei deenen eenzelnen Theemaen hëllefen un d'Informatiounen ze kommen an se ze verstoen.
Inhalt
Theemaen:
- LGS-Assurancen
- Naturschutzgesetz
- Administrativ Demarchen am Verband
- Safe from Harm
Beschreiwung
Den Administrativen Dag ass fir déi Leit geduecht déi am Alldag vum Grupp mat allerhand administrativen Demarchë vertraut solle ginn. Et ass eng Intro an déi eenzel Theemegebidder, wou d'Kandidate léiere sollen, wat et alles gëtt a wéi een domat ëmgeet.
Dës Formatioun ass fir zukünfteg Gruppechef a fir soss Memberen, déi interesséiert sinn, hirem Grupp ze hëllefen.
Bezuelen
Grondpräis: 15.00 €
Bezuelmethod: Am Viraus