Wuecht: Thema Reebou

Material

  • Käerze fir de Wee ze zeechnen
  • 1 Noutbréif (Kopie vum Wee mat Telefons-Nummeren) pro Equipe
  • Apdikt
  • all RaRo brauch eng Täscheluucht + eppes fir Noten ze huelen
  • pro RaRo: LGS-Verspriechenstext, LGS-Gesetz, ev. LGS-Gebiet, Statiounstexter, Mandala a Faarwen
  • pro RaRo : Engagements-Badge
  • fir d'Statiounen:
  • Holz (fir e Lagerfeier), evtl. Fakelen, ev Feierschossel
  • Mp3 Player mat Musek an Texter oder QR-Code, deen e mam Handy ka scannen an dann sou d’Musek oder den Text ka lauschteren (zB iwwert App Actionbound)
  • Schokola, Decken, Këssen, Holz (fir e Lagerfeier), evtl. Fakelen, ev Feierschossel
  • Blieder op déi mat Zitrounen-Tënt geschriwe steet: „Nom Reen kënnt ëmmer d’Sonn!“ an eng Käerz fier et ze liesen
  • Zeitungen oder Blieder fier Schëffer ze falen (oder Chinesesch Lanteren oder mat Helium gefëllte Ballon pro RaRo/ Kandidat)
  • Ev LGS-Fändel, Verspiechenslidd, Iessen a Gedrenks fier den Ofschloss
  • Erklärung/ Beschreiwung

Erklärung

Eng RaRo-Wuecht ass eng traditionell, méi besënnlech, RaRo-Aktivitéit. D’RaRo maache sech während der Nuecht eleng oder zu zwee op de Wee a setze sech ënnerwee mat engem (normalerweis méi perséinlechen) Thema ausernaner. Ënnerwee kréie si op 5 originelle Statiounen Ustéiss zum Thema. Meeschtens gëtt d’Wuecht bei engem flotte Lagerfeier oder jiddefalls am grousse Krees ausklénge gelooss.
An deem Krees kann dann d’Verspriechen gemaach ginn an duerno mat engem gudde Maufel gefeiert ginn.
Si dauert vun owes fréi bis spéit an d’Nuecht.
De Wee (am beschten duerch vill Bësch) soll 4- 5 km laang sinn, sou datt +- all 500m eng vun deene 8 Statiounen ass. Ideal ass e Rondwee, sou dass Ufank a Schluss ob der selweschter Plaz sinn. (muss awer net sinn)
De Wee muss ofgetrëppelt a (méiglecherweis mat Stuerm-Käerzen) däitlech markéiert sinn, fir datt d’Leit net zevill mam Wee beschäftegt sinn a sech wierklech kënne “goe loossen”.
D’Statioune musse kloer markéiert, opgeriicht a je nodeem besat ginn.

Ënnerlagen

RaRo-Wuecht-Reebou_Texter_Kandidaten-1
RaRo-Wuecht_Reebou_Statiounen-1
RaRo-Wuecht-Reebou_Chefbox-1

Eragereecht

EAS & RaRo Ekipp