Material
- Funken (WalkiTalkien - déi si Lizenzfräi benotzbar)
- Batterien
- Block a Bic
- Rätselen déi an d'Emgéigend passen
- Täscheluuchten
- Kamellen oder soss Belounungen
- Motivatioun
Erklärung
Dës Versammlung beschreift ee Rally zum Thema oder ronderem d’Thema vum JotaJoti. Et ass eng Versammlung déi dofir geduecht ass eis Guiden a Scouten bëssen un d’Thema Funken erunzeféieren.
Zwou Gruppe ginn gebild. Mat verschiddene Rätsel ginn d’Gruppen ëmmer rem op aner Plaze geschéckt. Wichteg ass, dass d’Grupp A ee Rätsel kritt wou d’Léisung fir d’Grupp B ass. An emgedréint. Mat Funken ginn d’Léisunge vun de Rätselen dann ausgetosch.
Wichteg: Mir hunn dës Versammlung fir d’biber geplangt. Dat ass fir Si relativ ustrengend a komplizéiert. Innerhalb vun 2h hu mir just knapps 3 Rätselen hikritt. Also net zevill komplizéiert Saache maachen, wann dir méi Statioune wëllt hun.
Ënnerlagen
breifstjeanEragereecht
St Jean Diddeleng