Blannen Memory

Material

  • Hëlzen Plack, an den Moossen 50×80 cm (keng Spanplack, riskéiert näischt ze gin..)
  • Schläifpobeier
  • eng Puc-See (cf. Dokument); evtl. eng Kreessee (fir d’Plack vun der Längt aus an der Mëtt duerchzeschneiden)
  • Kartong’s-Plack
  • Geodreick; Bläistëft; Gummi
  • an eng Rëtsch Gedold an gutt handwierklech Kenntnisser.

Erklärung

Fir d’CaraPio:
Bäi der Versioun fir d’CaraPio géif een si zu 2-an-2 mat engem normale Memory Kaarten-Deck spille loossen, just dat dobäi een d’Aen verbonne kritt a vu sengem Partner duerch den ausgeluechte Kaarten-Deck guidéiert gëtt. Fir erauszefanne wéi eng Kaarte beienee passen, géif de Spiller mat de verbonnen Aen dann säi Partner no de jeeweils 2 oder méi opgedeckte Kaarten/Ronn froen ob et en “Match” ass oder net, de Partner äntwert dann z.B. mat “Jo, ass een” oder “Nee, ass keen”.

Fir d’RaRo:
En atypesch Memory-Spill bauen, bäi deem ee keng Biller op de Kaarte gesäit, mee geometresch Formen déi vun de Kaarten erausstinn an ee mat der Hand muss fillen.An sengem eigentleche pädagogesche Sënn deen Ech am Kapp hat, en Memory fir mat blanne Leit ze spillen, wou ee selwer da misst seng Ae verbannen, respektiv een 3. da géif auswäerten.Bäi der Versioun fir AvEx a RaRo spille jeeweils 2 Ekippen à 2 Partner, wou no 4-5 Ronnen de Partner an der Ekipp gewiesselt gëtt an deen Aneren säin eegen Erliefnis mat deem Spill ka maachen.

Ënnerlagen

Blannen Memory
Foto 1
Foto 2
Foto 3
Foto 4
Foto 5

Eragereecht

St. Martin Jonglënster / Joël Gangolf