21
2026
Mar

Formatioun: Ëmgang mat legalen an illegalen Drogen

Wéi ginn ech mat Jonken ëm, déi legal an/oder illegal Droge konsuméieren?
Am éischten Deel vun dëser Formatioun beschäftege mir eis mat der Richtlinn vun den LGS zum Ëmgang mam Konsum vun Drogen. Zousätzlech ginn déi verschidde Substanzen méi am Detail erklärt.

Methoden an Übungen
An engem zweeten Deel sti Methoden an Übungen am Mëttelpunkt fir mat Jonken iwwer dëst Theema ze schwätzen. Dës sinn interaktiv opgebaut, fir déi Jonk esou fir dëst Theema ze sensibiliséieren an am Sënn vu preventive Botschaften, laangfristeg positiv Effekter z‘erzilen.

No dësem Dag kënnt dir Sensibiliséierungs-Material bei eis ausléinen, fir d‘Theema mat äre Jonken am Grupp unzeschwätzen.

Datum: 21.März
Auerzäit: 09:30-17:00
Plaz: Géisserei
Präis: 15.00 €

Umeldung iwwer https://chefbox.lgs.lu/portal/formatioun/164