Formatioun

 
Ëmgang mat legalen an illegalen Drogen
21. Mär 2026 09:30
21. Mär 2026 17:00
Géisserei
20 Plaze fräi vun 20
all interesséiert Chef:tainen
Diskussiounsronn, Dobannen, Dobaussen
Cnapa

Ziler

.

Inhalt

.

Beschreiwung

Themaen:
1. "Basisformatioun zur Richtlinn fir den Ëmgang mat legalen an illegalen Drogen"
2. "Gespéichsféierung mat Jonken" (Übungen a Methoden)

Wéi ginn ech mat Jonken ëm, déi legal an/oder illegal Droge konsuméieren?
Am éischten Deel vun dëser Formatioun beschäftege mir eis mat der Richtlinn vun den LGS zum Ëmgang mam Konsum vun Drogen. Zousätzlech ginn déi verschidde Substanzen méi am Detail erklärt.

Methoden an Übungen:
An engem zweeten Deel sti Methoden an Übungen am Mëttelpunkt fir mat Jonken iwwer dëst Theema ze schwätzen. Dës sinn interaktiv opgebaut, fir déi Jonk esou fir dëst Theema ze sensibiliséieren an am Sënn vu preventive Botschaften, laangfristeg positiv Effekter z‘erzilen.

Wann dir d‘Formatiounen ofgeschloss hutt, kënnt dir Sensibiliséierungs-Material bei eis ausléinen, fir d‘Theema mat äre Jonken am Grupp unzeschwätzen.

Bezuelen

Grondpräis: 15.00 €
Bezuelmethod: Am Viraus