STAP 2027: Waardelëscht op 

De STAP 2027 war a kuerzer Zäit komplett ausgebucht. Mir si selwer iwwerrascht iwwer déi héich Demande an freeën eis iwwer dee groussen Interessi un der Formatioun.

Fir de Besoin besser kënnen anzeschätzen an eventuell zousätzlech Plazen ze evaluéieren, hu mir elo eng Waardelëscht opgemaach.

Wann dir gär um STAP 2027 deelhuele géift, mellt iech w.e.g. op der Waardelëscht un:
Aschreiwung Waardelëscht STAP 2027

D’Aschreiwung op der Waardelëscht garantéiert nach keng definitiv Plaz, hëlleft eis awer bei der Planung an der Evaluatioun vun eventuelle weidere Kapazitéiten.