Eisen neie roude Fuedem 2026–2029: „Mir wuessen zesummen“

Aus dem fréiere „Mot d’ordre“ gëtt ab elo eise „roude Fuedem“. Dëse gëtt eis fir déi kommend dräi Joer eng kloer Visioun vir: „Mir wuessen zesummen“.

An enger Gesellschaft, déi ëmmer méi individualistesch gëtt, setze mir als LGS bewosst e staarkt Zeeche fir Zesummenhalt, Hëllefsbereetschaft a fräiwëllegt Engagement. Mir schafen eng Plaz, wou jiddereen wëllkomm ass a wou mir souwuel als staark Gemeinschaft wéi och als eenzel Perséinlechkeet wuesse kënnen.

Déi dräi Joeres-Schwéierpunkten am Iwwerbléck:

  • 2026/2027 – Zesummenhalt: Plazen a Méiglechkeete schafen, wou jiddereen – onofhängeg vu Background, Alter oder Fäegkeeten – seng Plaz fënnt an zum Grupp bäidréit. Mir wuessen als Grupp zesummen a jiddereen eenzel kann am Grupp wuessen.

  • 2027/2028 – B.A. (Bonne Action)

  • 2028/2029 – Benevolat

Zesummenhalt 2026/27

Alles zu de konkreten Aktivitéiten an Challenges fir dëst Joer fannt dir hei:

De roude Fuedem: e Lidd wat eis verbënnt

De roude Fuedem: Challenge

De roude Fuedem: Pouster

 

Loosst eis dës dräi Joer notzen, fir zesummen ze wuessen!