Léif Guiden a Scouten,
um Kongress 2024 huet den Aarbechtsgrupp “ASBL” hire Projet virgestallt.
Mir sinn ze erreechen iwwer ag-asbl@lgs.lu
Ëm wat geet et?
De Verband ass haut eng “Association de fait” an huet domat kee richtege juristesche Kader. Et kann ee soen: “Eis gëtt et legal gesinn net wierklech”. Dat bréngt direkt e puer Problemer mat sech. Esou hu mir z.B. als Verband, an do geet et ville Lokale Gruppen net anescht, ëmmer méi Schwieregkeete fir de Bestëmmunge vun de Banke gerecht ze ginn. Do dernieft ass e weidere Problem, datt mir am Verband juristisch direkt perséinlech Haftbar sinn. Mir hu keng Entitéit schützend iwwert eise stoen.
Wie gehéiert eigentlech alles zu de Lëtzebuerger Guiden a Scouten?
Et ass wichteg, datt mer eis all eenz si vu wat mir schwätzen. Eng ganz vereinfacht Iwwersiicht vun deene verschidden Entitéiten ass dës:
- D’Fondatioun: Si geréieren d’Personal, hunn eng Konventioun mam Eduktiounsministère a verwalten d’Géisserei.
- D’LGS ASBL: Si geréieren d’Chaleten Neihaischen a Bilschdref esouwéi d’Campplaz am Fënsterdall. Si geréieren awer och, zesumme mat der Maison Lessure, den LGS Shop.
- ONGD Guiden a Scouten fir Eng Welt: Si leeschten eng wichteg Aarbecht am Senegal, Bolivien, Niger a Cap Vert.
Et gëtt awer och de Verband. Dat ass de Verbandsgrupp mat senge lokale Gruppen. An ëm déi Entitéit geet et.
Den Aarbechtsgrupp
Fir Léisungen an Äntwerten op dës Schwieregkeeten a Problemer ze sichen, huet de Comité den Aarbechtsgrupp “ASBL” an d’Liewe geruff. Dëse besteet aus:
- Catherine Turmes, Finanzekipp
- Fränk Prim, Administrativen- a Finanzcommissaire adjoint
- Laurent Pott, CaraPio Commissaire.
- Matthieu Schmit, Chargé de direction
- Charel Majerus, Administrativen- a Finanzcommissaire
- Max Stebens, PR-Commissaire
- Basile Dell, Kommunikatiounscommissaire
Dësen Aarbechtsgrupp huet sech déi lescht Méint intensiv mat dësem Thema ausernanergesat.
Wat sinn d’Léisungen?
Wéi den Numm et scho seet ass d’Léisung op dës Froen: “Komm mir grënnen eng ASBL”. Dat ass awer méi einfach gesot wéi gemaach. Als Guiden a Scouten ass et wichteg, datt mir eise Wäerter an Traditioune gerecht ginn an op der anerer Säit awer och e propperen a kloere juristesche Kader hunn an deem mir eis entfale kënnen. Mir hunn eis an eiser Aarbecht also virun allem op d’Schreiwe vu Statute fir d’ASBL konzentréiert.
Déi verschidden Dokumenter
Um Kongress sinn 3 Dokumenter virgestallt ginn.
ASBL Statuten: Dat éischt Dokument sinn d’Statute vun der ASBL. Dëst Dokument definéiert de rechtleche Kader ouni ze vill op de Guiden- a Scoutsfonctionnement anzegoen. Also just de juristesche Minimum dee gefrot ass. WOSM a WAGGGS hunn awer e puer Mindestufuerderunge wat an esou engem Dokument muss drastoen. Dat sinn z.B. de Verweis op d’Method, d’Gesetz an d’Versprieche vun de Guiden a Scouten. Den éischten Draft vum Dokument gouf och scho vu WAGGGS approuvéiert a si hunn eis fir déi gudd Struktur gratuléiert.
Règlement d’Ordre Interne: Dat zweet d’Dokument ass de Règlement d’ordre interne (ROI): Am ROI ass d’Guiden- a Scoutsfonctionnement definéiert. Den ROI wéi en hei steet ass eng exakt Kopie vun de Statute vun der “Association de fait”. Also vun eise Statute wéi mer se bis elo kannt hunn.
Document de liaison: Well béid Dokumenter am aktuelle Status ënner Ëmstänn kontradiktoresch oder onkloer kënne sinn, huet den Aarbechtsgrupp dat drëtt Dokument ausgeschafft. Dëst Dokument stellt ënner anerem d’Hierarchie tëscht de verschiddenen Dokumenter kloer. Dëst Dokument soll awer net éiweg bestoe bleiwen. Mam Grënne vun der ASBL soll a muss den ROI mat der Basis zesummen diskutéiert a moderniséiert ginn.
Wat bedeit dat am Kloertext?
Mir behalen eis aktuell Statuten bis op weideres bäi an nennen se duerno ROI. Dodriwwer hu mer Statuten fir déi juristesch Form geschriwwen, déi just de Minimum définéieren. An zousätzlech gëtt et een Iwwergangsdokument wat déi zwee verbënnt, fir eventuell Differenzen kloerzestellen.
Sou kënne mer kuerzfristeg de juristeschen Ufuerderunge gerecht ginn – an eis awer paralell genug Zäit loosse fir zesumme mat der Basis eis “aktuell Stauten” also de neien “ROI” ze gestalten.
Wat sinn déi grouss Changementer
Den Draft vun de’Statute vun der ASBL bréngt awer och e puer Changementer mat sech.
- Conseil d’administration – den CA
Laut Gesetz muss den CA aus mindestens 3 Leit bestoen. Mir hunn dës Zuel op 5 erhéigt. Dat sinn 2 Co-Presidenten a jeeweils 1 Persoun fir déi 3 Pilieren, Programm, Formatioun a Support.
- Lokale Grupp = ASBL
Wien den Text gutt gelies huet, huet bestëmmt och gesinn, datt ganz zum Schluss en Artikel steet, datt déi Lokal Gruppen innerhalb vun 12 Méint eng ASBL (mam aktuelle Planning also bis Dezember 2025) musse ginn fir vollwäertege Member vun der ASBL vum Verband kënnen ze bleiwen. Vill vun iech sinn et schonn, well se änlech Problemer hu wéi de Verband. Anerer sinn amgaangen et ze ginn. Hei gouf vum Verband dofir och en Template fir déi Lokale Gruppen erstallt dee konform mam neie Gesetz ass. Dëse fannt dir hei.
- Memberschaft
Am neie Gesetz ginn zwou Zorte vu Member definéiert.
- Membre effectifs: Dat sinn déi Memberen déi alleguer d’Rechter vun der ASBL hunn.
- Membre adhérents: Dat sinn déi Memberen déi kee Stëmmrecht hunn, respektiv keent gefrot hunn.
Eisen Text dréit och deem Rechnung.
- Walrecht erweidert
Aktuell kann op engem Kongress jidderee matstëmmen deen eng gëlteg Chef-Ernennung huet. Dat behale mir bäi. Ganz am Sënn vun der Participatioun a fir och grad all eise Jonken, ob Chef oder net Chef, eng Stëmm ze ginn, wëlle mir dëst Recht erweideren op déi 16 bis 23 järeg. Domat decke mir Mëtt-CaraPio bis Enn-RaRo mat of.
Wéi geet et elo weider – Du bass gefrot!
Ab elo, an dat bis de 15. November 2024, fänkt dann och eng Konsultatiounsphase un wou dir online är Remarken an Ännerungsvirschléi fir d’Statute vun der ASBL kënnt eraschécken. Dës Remarken an Ännerungsvirschléi, esou wéi och d’Äntwerte vum Aarbechtsgrupp, ka jidderee ganz transparent online kucken.
Do dernieft organiséiere mir awer och en Diskussiounsowend, respektiv -nomëtteg. Eng Kéier Méindes de 14. Oktober um 19h an eng Kéier Sonndes den 10. November um 17h. Weider Detailer kommen nach no.
Esoubal mir de Feedback kruten an dësen ageschafft gouf, geet dat finalt Dokument nom 15. November nach eng Kéier u WOSM a WAGGGS fir datt si eis final hiren Accord kënne ginn.
Wann dat alles gemaach ass, gesi mir eis Samschdes de 7. Dezember erëm fir d’ASBL ze grënnen.
De lokal Gruppe musse lo bis de 7. Dezember 2024 nach näischt weider gemaach hunn.
Den Aarbechtsgrupp ASBL
Dokument 1 – ASBL Statuten Draft
Iwwersate Versioun, keng gülteg Fassung! : Dokument 1 – ASBL Statuten EN , Dokument 1 – ASBL Statuten DE
Dokument 2 – Règlement d’Ordre Interne (ROI)
Dokument 3 – Document de liaison
Iwwersate Versioun, keng gülteg Fassung! : Dokument 3 – Document de liaison EN , Dokument 3 – Document de liaison DE