Info Congé Jeunesse

Léif Cheftiane, léiwe Chef,

äre Grupp, Branchenunitéit fänkt scho sécher mat de Virbereedunge fir de Summer- oder Päischtcamp un.
Et si vläicht verschidde Leit dobäi, déi vum Congé Jeunesse géife profitéieren.

Hei fënns du puer Informatiounen zum Congé Jeunesse.

  • De Congé J. ka jiddereen, déi bei den LGS Member ass a schaffe geet ufroen, dat heescht och Mataarbechter, Albatrossen, RaRo, déi schaffe ginn.Pro 5 Kanner kann eng Persoun, déi e Brevet huet 100% vun den Deeg accordéiert kréien. Bei de Leit, déi kee Brevet huet, decidéiert den SNJ, wéi vill Deeg si accordéiert kréien. Dat hänkt vun der Zuel vun de Kanner of a wéi vill aner Persounen de Congé ufroen.
  • Wann dräi Persoune bei 11 Kanner de Congé ufroen, kënne déi dräi Persounen d’Demande maachen, mee an dem Fall ass et méiglech, datt si net 100% vun den Deeg accordéiert kréien.
  • D’Persoun muss op d’mannst 6 Méint bei dem selwechte Patron schaffen an d’Firma muss säi Sëtzt zu Lëtzebuerg hunn.
  • Wann een als Independent schafft, muss op d’mannst 2 Joer kotiséiert hunn a muss de Certificat d’affiliation bei der Demande bäifügen.
  • Et kann een innerhalb vun 2 Joer max. 20 Deeg Congé J. ufroen.

Weider Informatiounen fënns du um Site vum SNJ. Weider zum SNJ

Etappe fir de Congé-jeunesse

  1. De Responsabel mellt de Camp op d’mannst 6 Woche virum Camp un. Et sollen all Persounen, déi de Congé jeunesse ufroe wëllen, müssen an der Umeldung vum Camp dobäigeschriwwe ginn!
    • D’Demandë vun de Persounen, déi net op der Lëscht stinn, kann d’Verbandssekretariat net weiderschécken.
    • D’Demande vum Congé jeunesse muss 1 Mount virun der Aktivitéit beim SNJ ukommen. Dofir denkt drun d’Umeldung vum Camp an d’Demande fir de CJ op d’mannst 6 Woche virum Camp eranzeschécken.
  2. De Kandidat fëllt de Formulaire Demande d’octroi d’un congé-jeunesse aus.
  3. De Patron muss d’Demande accordéieren. Oppassen! favorable oder défavorable muss ugekräitzt ginn!
  4. De Kandidat schéckt de Formulaire „Demande d’octroi d’un congé-jeunesse “ un d’Verbandssekretariat entweder per Post oder et gëtt eng Méiglechkeet d’Demande um LGS-Site eropzelueden: chefbox/desk/congé-jeunesse
  5. Bäizeleeë sinn eng Kopie vum Brevet, wann een de Brevet net méi huet, kann een eng Kopie beim SNJ ufroen Tel.: 247 86455, fir Independaten de Certificat d’affiliation vun der CCSS! D’Chefkaart ass net gläich Brevet. An dësem Fall gëtt de Certificat vum Brevet gefrot.
  6. D’Verbandssekretariat schéckt d’Demande mam Programm an Umeldung un den SNJ weider.
  7. Nom Camp fëllt de Responsabel vum Camp de “Rapport iwwert ee Camp” aus mat den Nimm vun de Persounen, déi CJ ugefrot haten.
  8. Esoubal de Formulaire beim Verbandssekretariat ukënnt, verschéckt d’Sekretariat de “Certificat de participation“ un d’Kandidaten. De Kandidat muss de Certificat bei sengem Patron ofginn.

Opgepasst!

Fir de Formulaire digital auszefëllen, muss een Acrobat Reader op sengem Computer hunn. Et gëtt och eng digital Ënnerschrëft gefrot. Wann een de Programm net huet oder et ass engem net méiglech eng digital Ënnerschrëft ze maachen, soll de Formulaire ausdrécken an op der Hand ausfëllen.

Et kann een de gescannte Formulaire (PDF-Format) um LGS-Site eroplueden: chefbox.lgs.lu/desk/conge-jeunesse

oder per Post op d’Adress 5, rue Munchen-Tesch L-2173 Luxembourg oder per Mail op sekretariat@lgs.lu un d’Verbandssekretariat schécken.