Formatioun

 
CaraPio a RaRo STIP (Deel 1/2)
07. Mee 2027 09:00
09. Mee 2027 17:00
à définir
14 Plaze fräi vun 15
Memberen vum Verband ouni Formatioun an enger Branche.
RaRo Ekipp

Ziler

Deel vun der Formatioun zum Assistent CaraPio Chef (ATC) oder Assistent Clan Chef (ACC)

🙉 Ziel ass et all zukünftege CaraPio a RaRo Chef déi néideg Informatiounen ze ginn fir hier Roll als Chef kënnen ze iwwerhuelen. D'Praxis gëtt an den Alldag agebonnen - mir probéiren et einfach direkt aus! Et solle nei Ideeë vermëttelt ginn wéi ee séng Aktivitéite ka plangen.

Inhalt

RaRo Method an der Praxis

Beschreiwung

De CaraPio a RaRo STIP gëtt vun der RaRo-Ekipp organiséiert.

🙈 Dës Formatioun beinhalt den 1. Deel vun der Formatioun. Den Datum vum 2. Deel ass nach net bekannt. Jiddereen deen d'Formatioun fir d'CaraPio mëcht, muss zousätzlech nach de Methodendag vun de CaraPio maachen. (deen nächsten ass den 20.03.27 an d'Umeldung ass schonn op)

🙊 Dir kënnt fir Wochendeeg Congé Jeunesse ufroen.

🙉 Schreif w.e.g. an deng Umeldung op du dech als CaraPio oder als RaRo-Kandidat umells. (deen nächsten STIP vun der CaraPio-Ekipp organiséiert fënnt am November 2027 statt)

Bezuelen

Grondpräis: 90.00 €
Bezuelmethod: Am Viraus