Formatioun

 
STAP 2027
29. Mär 2027 08:30
05. Abr 2027 16:00
Neihaischen
3 Plaze fräi vun 40
Chef, déi den 1. Zyklus vun der Formatioun ofgeschloss hunn
Bësch, Diskussiounsronn, Dobannen, Dobaussen
Barthelemy Carole, Elsen Charel, Sebastiani Dany, Syoen Sandy, Weber Sophie

Ziler

Um Enn vun dëser Formatioun soll de Kandidat kënnen :
eng Branchenunitéit (Famill, Ruddel, Trupp, Clan) an eng Chefekipp leeden
e Camp (eng Aktivitéit vun 3 oder méi Nuechten) organiséieren a leeden.

Inhalt

Roll vum Branchechef
Féierungsstiler
Organisatioun vun engem Guiden- a Scoutscamp
Administratives (intern an extern)
Finanzielles (e Budget opstellen a geréieren)
Logistik (eng Campplaz ariichten)
Sécherheet, Präventioun, Assurancen, Abus sexuel
Psychologie vum Kand / Jugendlechen
Gruppendynamik
Konfliktpräventioun
Elterenaarbecht
Internationales (Camp am Ausland)
Ravi (en ausgeglachene Menu opstellen)
Branchemethoden
Campliewen
Animatiounstechniken
Naturpädagogik
Spirituell Animatioun
Bilan vun enger Aktivitéit

Beschreiwung

De STAP ("Stage d'Approfondissement Pédagogique") ass den "theoreteschen" Deel vum 2. Zyklus
vun der Formatioun bei den LGS, fir eng Ernennung als Branchechef (Biberchef, Akela, Truppechef,
Clanchef) an de Brevet Animateur C ze kréien.
Dëse Formatiounscamp ass fir all d'Branchen zesummen an dauert 8 Deeg / 7 Nuechten.
Konditioune fir de STAP matzemaachen :
- op d'mannst 18 Joer al sinn
- eng Ernennung als Assistent (den 1. Zyklus vun der Formatioun muss ofgeschloss sinn !)
- alternativ: de Brevet Animateur B bei enger anerer Organisatioun + Methodendag bei enger LGS-Branche

Bezuelen

Grondpräis: 250.00 €
Bezuelmethod: Keng