Ziler
D'Participantë kennen:
- d'Zeechen an d'Symptomer vun de meescht verbreeten a belaaschtende psychesche Stéierungen am Jugendalter
- d'Heefegkeet an d'Auswierkunge vu psychesche Stéierunge bei jonke Mënschen
- ROGER, déi 5 Schrëtt vun den éischte mentalen Hëllefsmoossnamen
- d'Moossname vun den éischte mentalen Hëllefsleeschtungen am Fall vun enger psychescher Kris.
Fäegkeeten:
D'Participanten si capabel:
- déi éischt Zeeche vu Problemer an der mentaler Gesondheet bei engem Jugendlechen z'erkennen
- e jonke Mënsch ouni Virurteeler unzeschwätzen
- déi néideg éischt Hëllef ze leeschten, wann e jonke Mënsch psychesch Problemer huet oder eng Kris duerchmécht
- der jonker Persoun gëeegent Behandlungen an aner Forme vun Ënnerstëtzung ze vermëttelen.
Haltung:
D'Participanten:
- erkenne stigmatiséierend Astellungen, hannerfroen a reduzéieren dës
- lauschteren engem jonke Mënsch mat psychesche Problemer mat Empathie no a kommunizéieren op eng oppen a virurteelsfräi Aart.
Inhalt
- psychesch Krankheeten, déi behandelt ginn:
* Depressioun
* Angschtstéierungen
* Substanzkonsumstéierungen
* Psychose
* Iessstéierungen
- psychesch Krisen, déi ugeschwat ginn:
* Suizidgedanken a suizidaalt Verhalen
* Panikattacken
* traumatescht Evenement
* schwéier psychotesch Episod
* schwéier Follge vu Substanzkonsum
* aggressiivt Verhalen
* selbstverletzend Verhalen (ouni Suizidabsicht).
- vermëttelt Kompetenzen:
* Basiswëssen iwwert d'Heefegkeeten an den Impakt vu psychesche Krankheete bei Jugendlechen
* Unzeechen a Symptomer vun den heefegsten an aschneidendste psychesche Krankheeten am Jugendalter
* Iwwerbléck iwwert déi verschidde Behandlungsméiglechkeeten
* ROGER, déi 5 Etappe vun der psychescher éischter Hëllef
* Éischt-Hëllef-Moossname fir psychesch Krisen.
Beschreiwung
- Méindes den 20. Abrëll
- Méindes den 04. Mee
- Méindes den 11. Mee
- Méindes den 18. Mee
Ëmmer vun 17:30-21:00 an der Géisserei stattfannen. Déi Léit, déi wëllen drun deelhuelen mussen déi 4 Deeg präsent sinn.
Bei den Éischthëllefscoursen an der mentaler Gesondheet solle Kompetenzen opgebaut ginn, fir ze gesinn oder ze mierken, wann e Member am noen Ëmfeld, sief dat an der Famill oder bei den Guiden a Scouten psychesch Schwieregkeeten huet, fir da Vertrauen ze schafen, fir him weider Hëllefsméiglechkeeten ze proposéieren.
D'Course funktionéieren änlech, wéi déi scho bekannten Éischthëllefscoursen, et gëtt sech awer net op déi kierperlech Gesondheet, mee op déi psychesch Gesondheet fokusséiert.
Bezuelen
Bezuelmethod: Am Viraus
