Formatioun

 
Administrativen Dag
18. Abr 2026 09:00
18. Abr 2026 17:00
Géisserei
20 Plaze fräi vun 20
Kandidaten fir d'Gruppechef-Formatioun an all interesséiert Chef:tainen
Dobannen
Monteiro Ana, Schmit Matthieu

Ziler

D'Kandidate sollen herno kënnen autonom hirem Grupp bei deenen eenzelnen Theemaen hëllefen un d'Informatiounen ze kommen an se ze verstoen.

Inhalt

Theemaen:
- LGS-Assurancen
- Naturschutzgesetz
- Administrativ Demarchen am Verband
- Safe from Harm

Beschreiwung

Den Administrativen Dag ass fir déi Leit geduecht déi am Alldag vum Grupp mat allerhand administrativen Demarchë vertraut solle ginn. Et ass eng Intro an déi eenzel Theemegebidder, wou d'Kandidate léiere sollen, wat et alles gëtt a wéi een domat ëmgeet.
Dës Formatioun ass fir zukünfteg Gruppechef a fir soss Memberen, déi interesséiert sinn, hirem Grupp ze hëllefen.

Bezuelen

Grondpräis: 15.00 €
Bezuelmethod: Am Viraus