Formatioun

 
Nuets-PS-Weekend
25. Abr 2026 22:00
26. Abr 2026 07:00
Vu Jonglënster bis an d\'Stad
26 Plaze fräi vun 30
1. Zyklus
Dobaussen
EAS-Ekipp

Ziler

Mir entdecken a probéieren ze verstoe wat d'Spiritualitéit eigentlech ass, firwat d'Spiritualitéit bei de Guiden a Scouten esou wichteg ass, a wéi mer se do kënnen erliewen.

Inhalt

Matt Übungen, Atelieren a Gespréicher entdecke mer eppes wat eis am Fong dacks nët esou bewosst ass, dëst am Kader vun engem Fousstour vu +- 20 km duerch d'Nuecht.

Duerch déi speziell Ambiance vun der Nuecht an der fräier Natur wäert dës Formatioun bei dir an Erënnerung bleiwen.

Beschreiwung

Dës Formatioun ass en Deel vun der Formatioun vum 1. Zyklus wou mer eis mam Thema Engagement a Spiritualitéit bei den LGS ausernee sëtzen.

Mir maachen dat am Kader vun enger NUETSWANDERUNG ( 20 km !!! ) déi iwwer déi ganz Nuecht geet.

Bezuelen

Grondpräis: 20.00 €
Bezuelmethod: Keng