Formatioun

 
Outdoor Formatioun
18. Okt 2025 10:00
18. Okt 2025 16:00
Keltenhaus Neihaischen
19 Plaze fräi vun 20
all interesséiert Chef:taine
Bësch, Dobaussen, Wiss
Feinen Liz, Fijean Roxane

Ziler

Du leiers hei …

wéi’s de d’Kanner sécher a mat Freed mat an d’Natur hëls an op wat’s de dobäi oppasse muss.
nei Spiller a kreativ Aktivitéiten, déi’s de direkt a bei dengem Grupp asetze kanns.
wéi een e Feier richteg uleet an et mat de Kanner spannend a sécher benotzt.
wéi een um Feier kacht a praktesch Outdoor-Rezepter ausprobéiert (Wildnispizza, Stockbrot & Co).
wéi’s de d’Kanner un Handwierk a Schnëtzen erunféiers a Sécherheetsreegele vermëttels.
wéi’s de mam Cornell-Prinzip deng Aktivitéiten opbaust a Kanner Schrëtt fir Schrëtt motivéiers.

Inhalt

Du kriss Methoden, déi s du direkt a bei dengem Grupp ëmsetzen kanns – vu kreative Bëschaktiounen bis zu Feiertechniken. Mir kachen zesummen um Feier (d’Mëttegiessen ass inclus) a probéieren alles direkt aus.

Beschreiwung

Du bass op der Sich no neie Spiller, Aktivitéiten a Feierrezepter fir däi Grupp?
Bei dëser Formatioun kris du Tipps a Methoden fir flott Versammlungen dobaussen gewisen.

Bezuelen

Grondpräis: 15.00 €
Bezuelmethoden: Am Viraus Online