Formatioun

 
Sinn dëss Spiller ze veräntferten ?
11. Okt 2025 15:00
12. Okt 2025 17:00
Ierpeldeng/Sauer
10 Plaze fräi vun 10
All Chef a Cheftaine mat an ouni Ernennung
Diskussiounsronn, Dobannen, Dobaussen
Faber Georges

Ziler

Sech bewosst ginn wou d'Responsabilitéite vun enge Guiden- a Scoutchef/Ceftaine laien, wou d'Limite sinn a wat méiglëch ass; am Fong bal alles awer ... !!

Inhalt

Um Programm stinn niewend kuerzen theoreteschen Deeler, vill Praxis (Spiller an aner praktesch Atelieren) mat gemeinsamen Evaluatiounen.

Beschreiwung

Wat kann ech? Wat soll ech? Wat däerf ech?

Wat bedeit et, als Chef/Cheftaine bei Versammlungen,Weekender a Campen Verantwortung ze droen?
Nieft engem kuerzen theoreteschen Deel iwwer Méiglechkeeten, Grenzen a Konsequenzen, maache mer eng Rei AbenteuerSpiller wou mer kucke wéi dat Theoretescht an der Praxis ze realiséieren ass.
Dës Formatioun ass geduecht fir all Chef a Cheftainen, déi méi iwwer hier Méiglechkeeten a Limitte wëlle gewuer ginn.

Bezuelen

Grondpräis: 34.00 €
Bezuelmethod: Am Viraus