Formatioun

 
CaraPio a RaRo STIP 2025-2026 (Deel 1+2)
05. Nov 2025 18:00
09. Nov 2025 18:00
Miersch - Fiels
10 Plaze fräi vun 15
CaraPio oder RaRo Chef ouni Formatioun a mindestens 17 Jar
Bësch, Diskussiounsronn, Dobaussen, Wiss
CaraPio Ekipp

Ziler

Deel vun der Formatioun zum Assistent CaraPio Chef (ATC) oder Assistent Clan Chef (ACC).

Inhalt

Ëmm wat geet et bei der CaraPio Method?
Safe from Harm a Jugendschutz?
Wat huet et mat dem Naturschutzgesetz op sech?
Wéi organiséieren ech ee Week-End?
Techniken (Ravi, Kachen, dobausse schlofen, Rucksak paken, Kart a Kompass)
A nach vill méi! 🙂

Beschreiwung

De CaraPio a RaRo STIP gëtt a Form vun engem klenge Camp Volant gehalen. - Keng Anscht et ass sou gestalt, dass jiddereen et packt! 🙂

🙈 Dës Formatioun beinhalt de fréieren CaraPio STIP an den Tronc Commun. (Et feelt also just nach de PS Week-End.) Jiddereen deen d'Formatioun fir d'RaRo mëcht, muss zousätzlech nach de Methodendag vun de RaRo maachen.

🙉 Ziel ass et all zukünftege CaraPio Chef déi néideg Informatiounen ze ginn fir hier Roll als Chef kënnen ze iwwerhuelen. D'Praxis gëtt an den Alldag agebonnen - mir probéiren et einfach direkt aus! Et solle nei Ideeë vermëttelt ginn wéi ee séng Aktivitéite ka plangen.

🙊 Dir kënnt fir Wochendeeg Congé Jeunesse ufroen.

Bezuelen

Grondpräis: 180.00 €
Bezuelmethod: Am Viraus