Formatioun

 
Ëmgang mat legalen an illegalen Drogen
01. Feb 2025 09:00
01. Feb 2025 17:00
Géisserei
18 Plaze fräi vun 20
all interesséiert Chef:tainen
Diskussiounsronn, Dobannen, Dobaussen
Cnapa

Ziler

.

Inhalt

Wéi ginn ech mat Jonken ëm, déi legal an/oder illegal Droge konsuméieren?
Am éischten Deel beschäftege mir eis mat der Richtlinn (Kooperatioun tëscht CNAPA a SIL) zum Ëmgang mam Konsum vun Drogen. Zousätzlech ginn déi verschidde Substanzen méi am Detail erklärt.
An engem zweeten Deel sti Methoden an Übungen am Mëttelpunkt fir mat Jonken iwwer dëst Thema ze schwätzen. Dës sinn interaktiv opgebaut, fir déi Jonk esou fir dëst Thema ze sensibiliséieren an am Sënn vu preventive Botschaften, laangfristeg positiv Effekter z'erzilen.

Wann dir d‘Formatiounen ofgeschloss hutt, kënnt dir Sensibiliséierungsmaterial bei eis ausléinen, fir d'Thema mat äre Jonken am Grupp unzeschwätzen.

Beschreiwung

Zesummen mam Centre national de prévention des Addictions (cnapa) proposéieren mir iech eng Formatioun zum Thema: Ëmgang mat legalen an illegalen Drogen.

Themaen:
1. "Basisformatioun zur Richtlinn fir den Ëmgang mat legalen an illegalen Drogen"
2. "Gespéichsféierung mat Jonken" (Übungen a Methoden)

Bezuelen

Grondpräis: 15.00 €
Bezuelmethod: Am Viraus