Formatioun

 
STAP 2024
25. Mee 2024 09:30
01. Jun 2024 15:00
SNJ Center Marienthal
56 Plaze fräi vun 58
Chef, déi den 1ten Zyklus hunn
Bësch, Diskussiounsronn, Dobannen, Dobaussen, Wiss
Barthelemy Carole, Linster Sven, Melcher Cindy, Nerenhausen Christophe, Nicolay Mucky, Oldenburg Marlen, Rod Danielle, Santbergen Cory, Weber Sophie

Ziler

De STAP ass ausgebucht. Du kanns dech op eng Waardelëscht aschreiwen: https://chefbox.lgs.lu/portal/formatioun/119
Du gëss dann informéiert, wann eng Plaz um STAP fräi ginn ass.



Um Enn vun dëser Formatioun soll de Kandidat kënnen :

eng Branchenunitéit (Famill, Ruddel, Trupp, Clan) an eng Chefekipp leeden
e Camp (eng Aktivitéit vun 3 oder méi Nuechten) organiséieren a leeden.

Inhalt

Roll vum Branchechef
Féierungsstiler
Organisatioun vun engem Guiden- a Scoutscamp
Administratives (intern an extern)
Finanzielles (e Budget opstellen a geréieren)
Logistik (eng Campplaz ariichten)
Sécherheet, Präventioun, Assurancen, Abus sexuel
Psychologie vum Kand / Jugendlechen
Gruppendynamik
Konfliktpräventioun
Elterenaarbecht
Internationales (Camp am Ausland)
Ravi (en ausgeglachene Menu opstellen)
Branchemethoden
Campliewen
Animatiounstechniken
Naturpädagogik
Spirituell Animatioun
Bilan vun enger Aktivitéit

Beschreiwung

De STAP ("Stage d'Approfondissement Pédagogique") ass den "theoreteschen" Deel vum 2. Zyklus vun der Formatioun bei den LGS, fir eng Ernennung als Branchechef (Biberchef, Akela, Truppechef, Clanchef) an de Brevet Animateur C ze kréien.

Dëse Formatiounscamp ass fir all d'Branchen zesummen an dauert 8 Deeg / 7 Nuechten.

Konditioune fir de STAP matzemaachen :
- op d'mannst 18 Joer al sinn
- eng Ernennung als Assistent (den 1. Zyklus vun der Formatioun muss ofgeschloss sinn !)
- alternativ: de Brevet Animateur B bei enger anerer Organisatioun + Methodendag bei enger LGS-Branche

Bezuelen

Grondpräis: 250.00 €
Bezuelmethod: Am Viraus