Ziler
Mir erfuersche wéi Planze funktionéieren, wat d’Eegenschafte vun den ënnerschiddleche Kraider a Beem sinn, wéi een se erkennt, wat een doraus maache kann a wéi een dat spannend Thema de Kanner méi no brénge kann.
Inhalt
Dëst maache mir un Hand vu Geschichten erzielen, Spiller, Experimenter, Kachen a Villes méi. Wann och du wëlls zum Naturdetektiv ginn, da mellt dech séier un!
De Weekend ass ouni Iwwernuechtug a mat eegenem Proviant
Beschreiwung
Nodeems mir am Juni de Liewensraum Wiss entdeckt hunn, kucke
mir eis am November de Bësch méi genau un.
Bezuelen
Grondpräis: 10.00 €
Bezuelmethod: Keng