Ziler
D'Zil vum Gilwell, ass et zesumme mat gläichgesënnten, engagéierte Guiden a Scouten, d ’Aarbecht vum Verband a vun de Gruppen ze reflektéieren an duerch Projeten weiderzebréngen. Zesummen ginn Kompetenzen am Beräich Leadership, Teamaarbecht, Kommunikatioun an Projetmanagement gestäerkt.
Inhalt
Um Gilwell gëtt et Input zu verschiddenen Themen an engem flotten Kader am Ausland a genuch Zäit fir Diskussiounen, Projetplanung an Austausch. Duerno huet een Zäit vir konkret Projeten emzesetzen an sou de Verband an d'Gruppe weider ze bréngen.
Beschreiwung
D’Formatioun vum 3. Zyklus, och nach Woodbadge oder Gilwell genannt, ass eng fräiwelleg Formatioun fir ernannte Branchechef iwwer 20 Joer. De Woodbadge ass international unerkannt a besteet aus 3 Deeler: dem Gilwell Camp, engem dokumentéierte Projet an dem perséinlechen Engagement am Verband oder Grupp.
Bezuelen
Grondpräis: 400.00 €
Bezuelmethod: Am Viraus