Wëllefcher-Naturdag
10:00
Wëllefcher – Naturdag
Och dëst Joer proposéieren mir Iech an äre Wëllefcher en Dag an der Natur mat villen flotten a fräien Iddien wou dir Iech kennt inspiréiere loossen!
Wat? En Dag an der Natur
Wéini? Samschdes, den 2. Juni 2018 vun 10:00 Auer bis spéitstens 17:00 Auer
(dir däerft awer och manner laang kommen; allerdings recommandéiere mir dass dir op d’mannst 3 Stonne mat ärem Ruddel bei eis sidd)
Wou? Zu Luerenzweiler/Blaschent beim Neolitheschen Haus
(mir organiséieren Navette vun der Luerenzweiler Gare bis erop)
Fir wien? Fir all Wëllefchers-Ruddel aus dem Land
(d’Plaze si limitéiert, déi 1. si vir 🙂
Participatioun ? 2€ pro Wëllefchen
Umellen? Séier! Op wellefcher@lgs.lu
Gitt eis w.e.g. bis spéitstens den 18. Mee folgendes un:
- Numm vum resp. Chef + GSM-Nummer an E-Mail
- Unzuel Kanner + Chefs
- Auerzäit: Arrivée Gare + wéi laang Dir bleiwe wëllt
Bis geschwenn, är Wëllefchers-Ekipp