Tronc Commun I
18:00
Chalet Nicolas Rollinger um Neihaischen
De Weekend ass am Chalet Nicolas Rollinger um Neihaischen (1, rue Principale L-5290 Neihaischen). E fänkt Freides Owes um 18h00 un an dauert bis Sonndes Mëttes 18h00.
Matbrénge solls du :
- Uniform a Foulard
- Kleeder fir bei all Wieder erauszegoen
- fest Schong
- Schlappen
- Schlofsak
- Täscheluucht
- Täschemesser
- Wäschgeschirr
- Gamell, Besteck a Becher
- Kichenduch
- Formatiounskaart (wann s du schonn eng hues)
- evtl. e Kompass
- evtl. e Muséksinstrument
E gudden Deel vun der Formatioun ass dobaussen oder am Keltenhaus. An dat wierklech onofhängeg vum Wieder. Dofir denk onbedéngt u waasserdicht a waarmt Gezei !
Wann s du nach Froen hues, kanns déi op formatioun@lgs.lu mailen oder dem Cathy Kirsch an der Géisserei uruffen (Tel.: 26 94 84).
Mir wënschen Dir eng flott Formatioun !
d’Formatiounsekipp
————————————————
D’Formatioun bei den Lëtzebuerger Guiden a Scouten (LGS) huet als Zil, de Chef/tainen Kenntnësser a folgende Beräicher ze vermëttelen:
- D’Ziler, d’Method an d’Geschicht vum Scoutissem/Guidissem an d’Grondsätz vun den LGS
- D’Roll als Chef/taine
- D’Method fir mat Guiden a Scouten ze schaffen an där Branche wou de Kandidat Chef/taine wëllt ginn
- Animatiouns- a Kommunikatiounstechniken
- Guiden a Scoutstechniken
- Den Emgank mat de Meedercher a Jonge vun der betreffender Branche
- D’Sécherheet an Hygien bei den Aktivitéiten
- D’Organisatioun an Opbau vum Verband vun den LGS
D’Theorie, déi op der Formatioun mat aktive Methode vermëttelt gëtt, ass praxisbezunn.