08
2025
Feb

Thinking Day 2025 – Umeldungen op!

09:30

Beetebuerger Schlasspark

Thinking Day 2025 – Nohaltegkeet an Zesummenhalt 

Léif Cheftainen a Chef, 

Mir freeën eis, iech an är Gruppen häerzlech op den Thinking Day 2025 z’invtéieren! Dës national Aktivitéit wäert de Samschdeg, 8. Februar 2025 stattfannen a versprécht en Dag voller Spaass, Abenteuer a Nohaltegkeet.

Fir wien? Biber, Wëllef & AvEx

Wou? Beetebuerger Schlasspark, 2 Minutten zefouss vun der Beetebuerger Gare

Wéini? 8. Februar 2025 – ab 09:30 Ukomme mat Kaffi a Croissant, Start um 10:00, fäerdeg um 15:30

Präis: 15 Euro pro Participant

Wat? : Mir hunn e variéierte Programm zesummegestallt, mat engem Geländespill, kreativen Atelieren a méi reflektiven Aktivitéiten. D’Kanner léieren op spilleresch Aart a Weis, wéi ee mat natierleche Ressourcen ëmgoe kann an zesummen nohalteg Dierfer opbaut. 

Umeldung: bis spéitstens de 20. Januar 2025 – D’Umeldung ass fir de ganze Grupp zesummen (Biber, Wëllef, AvEx a Chef).

Hei nach wichteg Informatiounen fir är Organisatioun: 
Moies-Snack: fir Kaffi, Croissanten a Mëllech wäert gesuergt sinn. 
Mëttegiessen: organiséiert vun der Ekipp Native Village mat der AvEx-Ekipp. E grousse MERCI un sie!
Wat sollt dir mathuelen: Detailer kommen am Januar an enger separater Email. 

Nach Froen: programm@lgs.lu

Lénks Patt,
D’Events-Ekipp