Sprangprëssessioun
Péngschtdënschdeg den 22. Mee
Dëst Joer kënnt dir dësen Dag , eleng oder mat ärem Grupp e bësschen anescht ze erliewen.
Mir bidden iech e puer Méiglechkeeten un wou dir matmaache kënnt.
8.30 Auer Rendezvous Parking beim Séi. Hei kënnt dir ären Auto stoe loossen. Mir ginn zesummen e Wee vu 4,5km mat Statiounen duerch de Bësch bis op Iechternach.
( Déi déi en Instrument dobäi hunn kréien dat bis op Iechternach gefouert. )
10.15 Auer gëtt et eng Taass Kaffi/Téi + Croissant am Haff vum Schleeschen ( 19 rue Maximilien)
11.00 Auer Depart Sprangprëssessioun am Abteihaff
12.30 Auer (no der Sprangprëssessioun) grille mir zesummen am Haff vum Schleeschen
Mir sichen och dëst Joer erëm Musikanten déi bereet si mat hirem Instrument bäi onser Guide/Scoutsmusék op der Sprangprëssessioun matzemaachen.
D’Noute fir ze üben kritt dir beim michele.hilger@lgs.lu