18
2027
May

Sprangprëssessioun 2027

10:30

Iechternach - am Lycéeshaff

Als Sprénger brauchs du dech net extra unzemellen. Sief einfach um 10h30 mat denger Uniform a Foulard am Lycéeshaff.

Wann s du Chef bass, da bréng gären d’Kanner respektiv déi Jonk aus denger Branche mat. Du freets dech grad: Mee déi sinn dach zu där Zäit an der Schoul!? Kee Problem! Fir d’Sprangprëssessioun kann een als Schüler mat enger einfacher Demande an der Schoul fräigestallt ginn, d’Präsenz gëtt duerno vum Gruppechef bescheinegt.

Du oder ee Jonken aus denger Branche wëll gär als Muséker an eiser Guiden- a Scoutsmusek matspillen? Jo! Ma da schéck eis einfach eng Mail un eas[at]lgs.lu an du kriss da vun eis mat Zäiten déi passend Noute geschéckt, schreif dofir wannechgelift dobäi wéieen Instrument s du spills.

Fir nom Sprange beim Grillen dobäi ze sinn, solls du dech wannechgelift bis spéitsdens 3 Deeg am Viraus per Mail umellen (eas[at]lgs.lu). Nëmmen esou ass et eis méiglech fir jiddwereen genuch ze hunn. Wanns du gutt bake kanns, freeë mir eis nom Gegrills och op en Stéck Kuch oder Taart. Deel eis wannechgelift am Viraus mat, wann s du eppes Séisses matbrénge wëlls.