13
2025
Feb
Safe From Harm
Géisserei
Mini-Formatiounen: Mir bidden ab Februar 2025 e puer Owender zu verschidden Theemen un.
2 Owender betreffen Ufroe vu WOSM an 2 Owender sinn Theemen, déi méi praktesch orientéiert sinn.
- Lass geet et den 13/02/2025 um 19h00 mat engem WOSM-Owend an der Géisserei.
- Da si mir mam 2. WOSM-Owend den 19/03/2025 zu Biekerech am Chalet vum Grupp Mahatma Gandhi.
- De 24/04/2025 geet et weider mam Theema “Wat spackt deen erëm?” – Kommunikatioun an der Chefekipp/Grupperot an der Géisserei.
- An zum Schluss de 06/05/2025 ass d’Theema “Schlofen, kacken, Iessen” – Wieso, weshalb, warum? Wie brauch wat a wéini? zu Monnerech am LGS Chalet.
Hei kanns du dech fir en oder méi Owender umellen.