10
2025
Sep

Seegelcamp fir jonk Chef:tainen

Bruinisse (NL)

Léif Cheffen a Cheftainen,

Dat ganzt Joer iwwer engagéiert dir iech fläisseg fir flott Aktivitéite fir är Branchen ze organiséieren. Fir iech Merci dofir ze soen, gëtt e Camp fir Chef:tainen organiséiert, wou dir zur Ofwiesslung als Participant kënnt dobäi sinn.

Mir, dat sinn dräi jonk Chef:tainen aus ënnerschiddleche Gruppen, organiséiere vum 10. bis de 14. September ee Seegelcamp an Holland fir jonk Chef:tainen tëschent 18 & 23 Joer vun den LGS.

Dat ganzt géif zu Bruinisse stattfannen an +/- 350€/Kapp (?) kaschten. Den Transport ass viraussiichtlech mam Flixbus.

Weider organisatoresch a logistesch Detailer kommen nach no a sinn och adaptabel wann de Konsens vun de Participanten dofir do ass. D’Unzuel u Participanten ass op 15 Leit limitéiert, dofir maacht iech bäi.

Nierwt engem flotte Programm um Boot bitt dës Aktivitéit iech d’Méiglechkeet, aner Chef:tainen aus dem Land kennenzeléieren an de Scoutismus an enger relaxer Atmosphäre, ganz ouni Kanner a Jonker,  ze genéissen.

Dat ganzt kléngt fir dech wéi Musik an den Oueren?

Dann meld dech hei un!

 

Mat beschte Guiden- a Scoutsgréiss
D‘Programmekipp

Numm*
DD slash MM slash YYYY
Hei kanns du deng Motivatioun dobäi schreiwen, wann s du wëlls.