04
2019
Oct

Scoutsverspriechen Chef Scout

14:30

Kinnekswiss

Léif Guiden a Scouten,

Mir invitéieren Iech de 4.10.2019 um 14h30 op Kinnikswiss an der Stad fir dass dir do mat äre Gruppen kennt beim flotten Event vun eisem Chef Scout sengem Verspriechen kennt dobäi sinn.

Dofir hei drënner wichteg Informatiounen:

Mir bieden iech léif Gruppechef des Informatiounen All äre Memberen zoukommen ze loossen… mir soen iech Merci fir des Aarbecht.

  • Schoulfräi fir all Schüler an Studenten ( Nomëttes). Dir fannt eng Excuse vum SiL an der Newsletter.
  • E Congé Jeunesse kann ugefrot ginn fir all déi, déi e Grupp encadréieren, bei der Organisatioun mathëllefen (Enner anerem mat op- an ofriichten) Dëse muss bis spéitstens den 1.10.2019 an der Géisserei sinn, mat all den Ënnerschrëften ( Demandeur Congé Jeunesse a Patron)
  • Enseignante kennen an hiren Direktiounen froen fir fräi gestalt ze ginn
  • Tenue: Uniform a Foulard, falls et reent Uniform iwwer dem K -Way undoen wann ech gelift
  • Transport: Gruppen organiséieren hiren Transport (denkt hei un den ëffentlechen Transport):
  1. Mam privat Bus: sot eis bis de 25.9. Bescheed wann ech gelift, fir datt mir kënnen um Parking Glacis eng Parkplaz fir de Bus reservéieren
  2. Mam Auto: denkt un P&R Bouillon plus Bus VdL; an och de Parking Luxexpo plus Tram
  • Bréngt wann ech gelift e Becher mat
  • Mellt iech wann ech gelift, am beschten am Grupp, bis den 29.9.2019 iwwer chefscout@sil.lu un

Mat beschte Guiden a Scoutsgréiss,

Anouk GALASSI / Yves “Ivo” MARCHI
______________________________________
Commissaire générale / Commissaire général adj.

Excuse MENJE (Lycée)

Excuse MENJE (Primaire)