23
2025
Mar

Scoutsresistenzdag

Esch/Uelzecht

De Comité vun de „Lëtzebuerger Scouten an der Resistenz 1940-1945“
invitéiert Iech op de Scoutsresistenzdag

10:15 Auer: Rendezvous zu Esch/Uelzecht bei der Grenzer Kierch
Nidderleeë vu Blummen an der Resistenzkapell

10:30 Auer: Mass fir all Affer vum Krich
zelebréiert vum Här Abbé Henri Hamus

No der Mass komme mir zesummen ënnert der Kierch, am grousse Wëllefcherssall,
do wou de 15. August 1940 déi éischt Resistenzorganisatioun entstane ass.

Do hunn mir eng kuerz Generalversammlung an et gëtt och e Patt zerwéiert.
Dest Joer mussen ob der Generalversammlung och Statuten ofgestemmt ginn, déi
ma un daat neit Gesetz ugepasst hunn.

Déijéineg, déi d’Cotisatioun vun 20 Euro fir 2024 wëllen iwwerweisen,
kënnen dat machen op de Kont BCEE IBAN LU52 0019 5000 2387 4000
vun de Lëtzebuerger Scouten an der Resistenz.