06
2025
May

Safe From Harm

Monnerech am Scoutschalet

Mini-Formatiounen mat der Safe from Harm-Ekipp

  • 06/05/2025 – 19h00: “Schlofen, kacken, Iessen” – Wieso, weshalb, warum? Wie brauch wat a wéini? zu Monnerech am LGS Chalet.

Schlofen, kacken, Iessen – alles Saachen déi jidderee vun eis mécht. Just eben anescht. Bedürfnisser vun engem Biber sinn anescht wéi déi vun engem Wëllefchen. Et sinn och Biber a Wëllefcher déi den Owend am Fokus stinn. Mir kucken zesumme wie wat braucht a wie wat maache kann. Fir datt et net nëmmen theoreteschen Input ass, kennt dir z.B. e Weekend-Planing matbrengen, fir datt mir zesumme kucken, ob deen de Bedürfnisser vun engem Biber oder Wëllefchen entgéint kennt. 

Mir freeën eis op iech.

Lénks Patt
SfH- Ekipp

Weider Informatiounen

Hei kanns du dech fir en oder méi Owender umellen.

  • Wann dës Email Adress net richteg ass, mell dech beim Administrator vum Memberfichier an dengem Grupp.