07
2024
Sep

Renovatioun – Keltenhaus

Neihaischen Keltenhaus

Léif Guiden a  Scouten,

Virun 20 Joer hu mir mam Plangen a kuerz dono mam Bau vum Keltenhaus ugefaang, vill Guiden a Scouten, Schoulklassen an aner Jugendorganisatiounen hunn eis wärend den dräi Joer beim Bau gehollef. Dono koume weider Infrastrukture wéi d‘Schmëtt,  de Keramikuewen an eis Out-Doorkicheplazen dobäi. Vun Ufank u war och eise Partner d‘Naturverwaltung dobäi, duerch hir professionell Hëllef konnte mir déi vill Aarbechten och ofschléissen.

Dono huet Ekipp Native Village sech ëm Organisatioun a Realisatioun vu villen naturpedagogesche Programmer  a Formatioune gekëmmert, iwwert 30.000 Jonker a manner Jonker hu bis haut un Aktivitéiten deelgeholl, en Zeechen, dass eist Zil Natur de Jonken erëm méi no ze bréngen e Succès ass a war.

Elo brauch Keltenhaus awer an neien Dach an och aner Reparaturaarbechte musse gemaach ginn. No bal 2 Joer Planung, besonnesch wat de Finanzement betrëfft, si mir vun Enn August u prett fir dës Aarbechten unzegoen. Den Dach gëtt vun enger hollännescher Firma nei gedeckt, dëst vun Enn September.

Vill aner Aarbechte wéi Raumaarbechten am a ronderëm Keltenhaus, Fléckaarbechten un de Lehmmaueren vum Keltenhaus/Schmëtt, Flécke vun Naturclôturen,…..   wëlle mir mat iech zesumme maachen.

Dofir dësen Opruff un all Guiden a Scouten.

Hutt dir Loscht an Zäit eis ze hëllefen?

Geplangt si Schaffjournéen an der Summervakanz:

D’Woch vum 26. – 30. August 2024
D’Woch vum 2. – 6. September 2024
Schaffweekend vum 7. – 8. September 2024
D’Woch vum 9. – 13. September 2024

Wéinst der Organisatioun vun den Aarbechten/Ravi sollt dir iech wgl. am Viraus umellen ënnert: keltenhaus@lgs.lu

Iech alleguer elo schonn a grousse Merci

Am Numm vun der Ekipp Native Village

Tom Lahr